Radioen

On air

Simon Says  |  Spring Time

play_arrow Live
search

/ Iewescht Geriicht an den USA stoppt Trump-Decisiounen

USA

Iewescht Geriicht an den USA stoppt Trump-Decisiounen

Dat Iewescht Geriicht an den USA, den US-Supreme Court, huet fir déi éischte Kéier eng Decisioun vum President Donald Trump gestoppt. D’Riichter hu verhënnert, datt de Chef vun enger Staatsagance direkt entlooss gëtt. Iwwer de Fall soll an den nächsten Deeg weider berode ginn.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Een anert Geriicht huet der sougenannter "Effizienz“-Autoritéit DOGE, geleet vum Tech-Milliardär Elon Musk, de Zougang zu de Systemer vum Finanzministère verbueden. Si hätt keng juristesch Erlabnis dofir, sou d‘Argumentatioun vum Geriicht. Zousätzlech gouf dat vum Donald Trump geplangte Verbuet vun Diversitéits- a Inklusiounsprogrammer an de Staatsagencen gestoppt.

Den  Donald Trump huet rezent betount, datt hie sech un d’Decisioune vum Geriicht géif halen. Säin Ëmfeld hat der Justiz awer ëmmer nees Muechtmëssbrauch virgeworf.

Pentagon: 45.000 Leit kéinten Aarbechtsplaz verléieren

Den US-President entléisst awer iwwerdeems den Ieweschten US-Zaldot Charles Brown vu senge Funktiounen. Als Nofollger huet hien de Generol Dan Caine ernannt, deen nach vum Senat confirméiert muss ginn. Eng offiziell Begrënnung fir d’Entloossung vum Charles Brown gouf net genannt.

Gläichzäiteg huet de Verdeedegungsministère ugekënnegt, datt vun nächster Woch un op d‘mannst 5 Prozent vun den ziville Mataarbechter entlooss ginn. Am éischte Schrëtt si 5.400 Leit concernéiert. Dono soll e Recrutementstopp agräife. De Pentagon, deen iwwer 900.000 Ziviliste beschäftegt, kéint domat bis zu 45.000 Aarbechtsplazen ofbauen.