De Luis Rubiales gouf wéinst sexueller Aggressioun zu enger Geldstrof vu bal 11.000 Euro verurteelt, well hien d’Jennifer Hermoso bei der WM 2023 géint hire Wëllen op de Mond gekësst hat. De Parquet hat eigentlech eng Prisongsstrof gefuerdert a soll och driwwer nodenken, an Appell ze goen.
D’Urteel gouf schonn hefteg kritiséiert, ënner anerem vu Fraerechtlerinnen a Politiker. Juristen halen et awer fir onwarscheinlech, datt et geännert gëtt.