Den US President Donald Trump géif sech op d‘Säit vum Aggresseur, dem russesche President Wladimir Putin, stellen. Dat wier eng Situatioun, déi Europa scho Suerge misst maachen. Se kéint Putin encouragéieren, och nach aner Länner ze iwwerfalen, mengt de Charles Goerens.
"Duerchaus méiglech", datt Putin seng Grenzen test
Dovu géife jiddefalls déi "pessimisteschst Observateure" ausgoen, datt dat an den nächste véier Joer kéint Realitéit ginn. Den Trump hält zum Aggresseur Putin. Bis elo waren d‘USA dee gréissten Haaptkonkurrent an Opponent vu Russland, gëtt de Charles Goerens ze verstoen. Et wier elo "duerchaus méiglech", datt de Putin seng Grenzen test an déi fréier baltesch Länner attackéiert.
Europa steet eleng do
"Et muss net esou kommen", seet den DP-Europadeputéierten.
"Dat wat mer kënne maachen, ass eis esou opstellen, datt mer déi ofschrécken, fir esou eppes ze maachen, déi dat eventuell kéinten am Schëld féieren. Mee mir sinn als Europäer eleng."
Kee géif Europa dovu schützen an Europa wier am Gaang ze schrumpfen. Et misst een aus dem "haarde Kär" vun demokratesche Kräften eng Determinatioun erausschielen, déi "d‘Saachen an Hand hëlt".