arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hongkong: Groussbrand an engem Wunnkomplex fuerdert bis ewell 55 Mënscheliewen

Katastroph

|
headphones

1 min

Hongkong: Groussbrand an engem Wunnkomplex fuerdert bis ewell 55 Mënscheliewen

Op d'mannst 55 Leit koume bei engem grousse Brand an engem Wunnkomplex vun 8 Héichhaiser zu Hongkong ëm d'Liewen. An deem Wunnkomplex sinn 2.000 Appartementer.

headphones

1 min

© EPA/LEUNG MAN HEI
(Foto: EPA/LEUNG MAN HEI)

De Bilan ass nach nëmme provisoresch. Et bleiwen 280 Leit vermësst.

D’Ursaach vum Brand ass aktuell onkloer. Et goufen 3 Leit vun der Baufirma festgeholl. D’Flamen hate sech gëschter um Mëttwoch séier ausgebreet, iwwer Steeën aus Bambus an Netzer, déi drun houngen.