De 26. Dezember 2004 huet ee Séibiewen een Tsunami ausgeléist, dee ronn 230.000 Mënschen an den Doud gerappt huet, a fir e praktesch net chiffréierbare Schued gesuergt huet.
Hëllef gouf séier versprach
Ënner den Affer waren och vill Touristen, déi an der Vakanz waren, an och vill Lëtzebuerger, déi dat materlieft hunn. Donieft goufen e puer honnertdausend Mënsche blesséiert an 1,7 Millioune Leit hate praktesch alles verluer.
Dat eenzegt, wat uganks gewosst war, war, datt et e Séibiewe virun der Côte vu Sumatra gouf an e risegen Tsunami huet vill Inselen a Plagen an Indonesien, Sri Lanka, Thailand an Indien iwwerrullt. D'Auswierkunge vun deem Tsunami ware souguer Dausende Kilometer ewech nach ze spieren.
De Lëtzebuerger Kooperatiounsminister vun deemools, de Jean-Louis Schiltz, war e puer Deeg no der Katastroph, zesumme mam zoustännegen EU-Kommissär fir Entwécklung an humanitär Hëllef, Louis Michel, op der Plaz. A si hunn direkt an onkomplizéiert Hëllef versprach.
"Ech mengen, de Schock, deen ee kritt, wann ee sur place ass, deen ass mat näischt ze vergläichen. A wann een dann sur place nach mat Leit schwätzt, ech mengen, dat ass e Schock, dee sech dann nach multiplizéiert."
3 Minutte Silence
Lëtzebuerg huet deemools ronn 18 Milliounen Euro fir d'Hëllef zur Verfügung gestallt. De fënnefte Januar 2005, annerhallef Woch no der Katastroph, goufn et zu Lëtzebuerg an och soss op ville Plazen an Europa - Lëtzebuerg hat deemools just d'Presidence vun der EU iwwerholl - dräi Minutte Silence op der Clairefontainesplaz.
500 Leit waren deemools dobäi, fir un d'Affer vum Tsunami ze denken. An dobäi hunn d'Klacke vun de Kierche gelaut.
An der Suite vun der Katastroph a Südostasie goufen et och op der ganzer Welt vill Engagementer fir méi prezis a méi performant Tsunami-Fréiwarnsystemer ze installéieren.