Et gëtt erwaart, datt de Pontifex an senger Ried d’Kricher an d’Leed vun de Mënschen op der Welt thematiséiert, besonnesch am Kontext vum Krich am Noen Osten an an der Ukrain. Virum Péitersdoum ginn Zéngdausende Gleeweger erwaart.
An der traditioneller Mëtternuechtsmass den Dënschdeg op Hellegowend huet de Poopst d’Mënsche weltwäit dozou opgeruff, Hoffnung dohin ze bréngen, wou se verluer gaangen ass.
Ausserdeem huet hien dat hellegt Joer 2025 offiziell ageleet. Zu dësem grousse Pilger-Evenement, dat all 25 Joer stattfënnt a bis de 6. Januar 2026 dauert, ginn iwwer 30 Millioune Visiteuren zu Roum erwaart.