arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hären-Nationalekipp verléiert 5. Match an der WM-Qualifikatioun

Fussball

|
headphones

2 min

Hären-Nationalekipp verléiert 5. Match an der WM-Qualifikatioun

Am ausverkaafte Stade de Luxembourg huet sech d’FLF-Formatioun um Freidegowend mat 0-2 géint Däitschland an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026 musse geschloe ginn.

headphones

2 min

Pit Beffort | © Pit Beffort
Lëtzebuerg géint Däitschland, 14.11.2025 (Foto: Pit Beffort)

No der 0-4 Nidderlag am Allersmatch waren d’Supporter gëschter um Freidegowend gespaant, wéi sech d’Nationalekipp dës Kéier géif schloen.

E couragéierte Match 

An anescht wéi dat virun engem Mount nach war, hunn d’Lëtzebuerger e couragéierte Match gewisen. Si si staark an de Match gestart a konnten Däitschland esouguer phaseweis ënner Drock setzen. Dat huet och den däitsche Golkipper Oliver Baumann fonnt. 

"Gerade in der ersten Halbzeit haben sie uns gut gepresst, haben uns hoch unter Druck gesetzt. Wir sind schon auch oft rausgekommen, aber trotzdem haben sie es immer wieder geschafft, in den gefährlichen Raum zu kommen, uns unter Druck zu setzen, zu Tormöglichkeiten zu kommen."

No 45 Minutten ass et du mat 0-0 an d’Paus gaangen.

Negative Fazit op Lëtzebuerger Säit 

Nëmme 4 Minutten no der Paus huet Däitschland den 1-0 markéiert. D’Rout Léiwen hu sech awer net opginn a weider probéiert den däitsche Gol ze attackéieren. 

An der 69. Minutt konnt den Nick Woltemade dunn awer säin zweete Gol markéieren an op 2-0 stellen. D’Lëtzebuerger Nationalekipp hat dem näischt méi entgéint ze setzen an sou ass dem Lëtzebuerger Verteideger, Seid Korac, säi Fazit éischter negativ ausgefall:

"Momentan iergendwéi maache mir déi Goler vir net. An dann, wéi et halt esou am Fussball ass: et kléngt domm, mee wann s de déi Goler vir net schéiss, kriss de se hanne geschoss."

Lëtzebuerg bleift no der Defaite leschten an hirem Grupp.

E Méindeg spillen si dann de leschte Match vun der WM-Qualifikatioun. De Géigner heescht dann Nordirland.