arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hären-Handball: "Fräiworf-Match" vun enger Zeen tëschent Esch an Diddeleng um Mëttwoch

sport

|
headphones

1 min

Hären-Handball: "Fräiworf-Match" vun enger Zeen tëschent Esch an Diddeleng um Mëttwoch

Déi lescht Zeen vum Hären-Handballmatch tëschent Esch an Diddeleng gëtt e Mëttwoch um 20:30 Auer frësch gespillt. Déi zwee Veräiner si sech elo mat der Handball-Federatioun FLH doriwwer eens ginn.

headphones

1 min

Handball | © Marino Bobetic / Unsplash
Handball (Foto: Marino Bobetic / Unsplash)

Virun néng Deeg hat d’CLAS, d’Commission luxembourgeoise d’arbitrage pour le sport, décidéiert, datt dee leschte Fräiworf géif widderholl ginn.

Diddeleng hat eng Zeen an der Schlusssekonn vum Match contestéiert. Ee Match, deen Enn September 30:29 fir Esch op en Enn gaange war.

De Conseil d’appel vun der Federatioun FLH hat décidéiert, de ganze Match sollt frësch gespillt ginn. Domat war Esch awer net d’accord an eben op d’CLAS gaangen.

A sechs Deeg gëtt da just ee Fräiworf gemaach, an da steet d’Resultat vum Match definitiv fest.