arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas iwwergëtt déi falsch Läichen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Hamas iwwergëtt déi falsch Läichen

Déi dräi net identifizéiert Kierper, déi d’Hamas gëschter, um Freidegowend, iwwer d’Rout Kräiz un Israel iwwerreecht huet, sinn net déi Geiselen, déi de 7. Oktober 2023 vun der Hamas verschleeft goufen. Dat huet e Spriecher vun der israeelescher Arméi der franséischer Noriichtenagence matgedeelt.

headphones

1 min

 Eng israeelesch Rakéit läit an den Trümmer vun zerstéierten Haiser an der Stad Gaza | © EPA/MOHAMMED SABER
Eng israeelesch Rakéit läit an den Trümmer vun zerstéierten Haiser an der Stad Gaza (Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Ee vun der Arméi hätt scho bei der Iwwergab de Freideg gesot, datt hien net géif mengen, datt dat d’Kierpere vun de Geisele wieren.

Dem US-amerikaneschem Friddensplang vum Donald Trump no, muss d’Hamas d’Läiche vun am Ganzen 28 Geiselen un Israel iwwerreechen. Bis ewell huet d’Hamas der 17 iwwerginn.

D’Hamas huet rezent ëmmer nees betount, et wier schwéier d’Kierperen ze fannen, well se ënner zerbommte Gebaier géife léien.