Bal 60 Prozent ginn un, datt hir Aarbecht si inspiréiert a bal 70 Prozent soen, datt si och zefridde si mat hirer Work-Life-Balance, well si flexibel Aarbechtszäiten hunn. Deen Taux louch beim Sondage d‘lescht Joer nach 8 Punkten drënner. 29 Prozent fannen dann, datt si genuch Ënnerstëtzung fir hir mental Gesondheet op der Aarbecht kréien. Dat si ronn 7 Prozent méi wéi d‘lescht Joer.
D‘Ëmfro gouf tëscht Juni a Juli dëst Joer bei ronn 3.700 Beschäftegten am ëffentlechen Déngscht realiséiert.