Zënter Juli steet Palestine Action op der Lëscht vun den Organisatiounen, déi als Terroriste bezeechent ginn. Militante goufe wéinst Vandalismus ugeklot, verschiddener sinn am Prisong an hunn een Hongerstreik ugefaangen.
D’Greta Thunberg hätt eng Pancarte bei sech gehat, op der drop stoung, datt si d’Detenue vu Palestine Action géif ënnerstëtzen. "Ech si géint de Genozide" stoung op der Pancarte.
Der brittescher Gesetzgebung no kann all Ënnerstëtzung vun der Organisatioun mat enger Prisongsstrof vu bis zu 6 Méint bestrooft ginn.