arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussbritannie well zwee israeelesch rietsextreem Ministere sanktionéieren

Wéinst Aussoen zu der Situatioun an der Gazasträif

|
headphones

1 min

Groussbritannie well zwee israeelesch rietsextreem Ministere sanktionéieren

De Finanzminister Bezalel Smotrich an de Sécherheetsminister Itamar Ben Gvir dierften ënner anerem net méi a Groussbritannien areesen, esou d'BBC.

headphones

1 min

Fändel vun Israel | © picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
Fändel vun Israel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka)

Dat, well hir Aussoen "extremistesch Gewalt a Verstéiss géint d‘Mënscherechter vun de Palästinenser" ugestachelt hätten, esou zitéiert d‘BBC de britteschen Ausseminister. Säin israeeleschen Homolog huet d‘Sanktiounen als "skandaléis" bezeechent.