Israel hat leschte Sonndeg de Blockage vun den Hëllefsliwwerungen no bal dräi Méint opgehuewen. An Tëschenzäit wieren, Israel no, 93 Camionen an d‘Gazasträif eragelooss ginn. Mee d‘Hëllef hätt bis elo nach net kënnen un d‘Leit verdeelt ginn, wéinst komplizéierten Autorisatiouns-Prozedure vun der israeelescher Arméi, esou d‘UNO.
Gëschter um Dënschdeg hat den UNO Coordinateur fir d'Nouthëllef, Tom Fletcher, an engem Interview mat der BBC behaapt, et géife 14.000 Puppelcher bannent 48 Stonne stierwe wann net direkt méi Hëllef, virun allem Liewensmëttel, an d‘Gazasträif bruecht gëtt.
Déi israeelesch Militär-Offensive geet iwwerdeems virun. De palästinenseschen Zivilschutz mellt um Mëttwochmoien 19 Doudeger bei israeeleschen Ugrëff op Ziler vun der Hamas an der Gazasträif.