Am 100,7-Interview sot den LSAP-Politiker, datt et, éischtens, zënter Januar 2025 an der Reintegratioun vun den zwee Mataarbechter kee weideren Incident am Service ginn hätt. Et wär en neie Chef de service genannt ginn, an:
"Déi ugespaante Situatioun, déi mer deemools haten, déi huet sech berouegt."
Well ee keng Spannunge méi spiere géif a Rou am Service wier, wéilt een, zweetens, dëst Kapitel ofschléissen.
Käschte spueren
Duerch de Verzicht op eng weider Geriichtsaffär kéinten och Energie a Käschte gespuert ginn. Zejoert war an deem Kontext vun enger sechsstelleger Zomm Rieds.
"Fir eis war et méi wichteg, eng Berouegung vun der Situatioun ze favoriséieren."
Tensiounen aus dem Wee raumen
Drëttens hätt ee sech, sou den Dan Biancalana, d’Delaie vum Verwaltungsgeriicht virun Ae gefouert, mat och deem vun engem eventuellen Appell.
"Do lande mer, wann alles gutt geet, locker am Joer 27, a wann een dat och géif duerchzéien, wäerten natierlech mat der Decisioun, déi do fält, erëm Tensiounen opkommen."
A véiertens betount de Buergermeeschter, dass een an de leschten 12 Méint e gudden Austausch mat de Gewerkschaften an der Personaldelegatioun gehat hätt.
Recht hunn oder Recht kréien
Un den Dan Biancalana war et d’Fro, ob et dann net och d’Befierchtung gouf, an dëser Affär nach emol e Prozess ze verléieren? Den LSAP-Politiker hält d’deemoleg Virwërf géint déi suspendéiert Mataarbechter weiderhi fir justifizéiert, mee:
"Recht hunn a Recht kréien, dat sinn zwou verschidde Saachen."
Am informatesche Service vun der Diddelenger Gemeng schaffen de Moment iwwregens 10 Leit.