arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemeinsam Demonstratioun fir d'Recht op Ofdreiwung virun der Chamber

CID/Fraen an Gender

|
headphones

1 min

Gemeinsam Demonstratioun fir d'Recht op Ofdreiwung virun der Chamber

CID/Fraen an Gender schléisse sech dem Appell vum Planning Familial u fir d'Demonstratioun muer de Moie virun der Chamber. Hir Fuerderung wier kloer: D'Recht op Ofdreiwung misst an der Verfassung verankert ginn, esou CID/Fraen an Gender an engem Communiqué.

headphones

1 min

Nëmmen esou kéint séchergestallt ginn, datt dat Recht net rëm liicht a Fro gestallt oder limitéiert kéint ginn. Besonnesch an deem globale politesche Klima, wou d'Rechter vun de Fraen an de marginaliséierte Genre op ganz ville Plaze mat Féiss getrëppelt ginn, esou d‘Associatioun.

D'Demonstratioun vum Planning Familial ass e Méindeg de Moien um 9 Auer virun der Chamber um Krautmaart.