Dat géif ee virun allem bei der Gewalt géint Frae gesinn, wou d’Zuele weiderhin héich bliwwe wieren. D’Femmes socialiste begréissen d’Aféiere vum Zenter fir Affer vu Gewalt, mee si fuerderen awer méi Transparenz vun der Regierung. Dat géif zum Beispill duerch d’Aféiere vum Terme Feminizid an de Code pénal geschéien.
Et misst ee sech u Länner wéi zum Beispill Spuenien orientéieren, seet d’Sarah Hargarten. Do géif ee méi progressiv virgoen, wat de Schutz vu Fraen ugeet.
"Duerch Moossname wéi en zentraliséierte System mam Numm “VioGén”, deen d'Informatiounen zentraliséiert an d'Geforen no all Plainte nei bewäert, souwéi och d'Aféierung vum elektronesche Bracelet fir Täter, huet d'Land e Réckgang vun de Feminiziden erlieft. An zwar kann een do feststellen, e Minus vun 29,6 Prozent vun 2003 bis 2022."
D'Femmes socialistes fuerderen och zu Lëtzebuerg e Modell wéi a Spuenien mat den elektronesche Braceleten, spezifesche Formatiounen fir déi Professionell an obligatoresch Therapie fir d'Täter.
Kritik un der Pensiounsreform
D’Femmes socialistes kritiséieren déi aktuell Diskussiounen iwwer d’Pensiounsreform. D’Regierung géif dobäi d’Fraen ausser Uecht loossen. Frae géifen dacks manner cotiséieren, well si méi heefeg Deelzäit géife schaffen oder Pausen an der Karriär maachen. De Gender-Pensioun-Gap géif a Lëtzebuerg bei 43 Prozent am Defaveur vun de Frae leien, esou d’Jasmine Pettinger.
D'Femmes socialistes fuerderen eng Individualiséierung vum Pensiounssystem. Den aktuelle Pensiounssystem wier der moderner Gesellschaft net ugepasst a géif ëmmer nach op engem traditionelle Familljebild opbauen.
"Mir wësse vum Statec, datt zënter 20 Joer ronn 50 Prozent vun de Bestietnisser nees gescheet ginn, also si Fraen net méi laangfristeg duerch d'Pensioune vun engem Mann mat ofgeséchert. A mir wëssen och, datt et haut nach ëmmer zum gréissten Deel d'Frae sinn, déi hir Aarbecht deelweis reduzéieren oder ganz ophale mat schaffen, fir duerno de Familljen ze kucken.”