Och am Joer 2025 wier de Besoin no enger Federatioun, déi sech spezifesch fir d'Wuel an d'Rechter vun de Fraen asetzt, ganz wichteg, betount d'Danièle Picard am 100,7-Interview. Zënter 5 Joer presidéiert si d'Fédération des Femmes Cheffes d'Entreprise du Luxembourg, kuerz FFCAL.
An der Wirtschaft géing ee virun allem dofir kämpfen, datt d'Fraen de gläiche Statut an déi gläich Unerkennung kréie wéi d'Männer. D'Grënn, déi zu dëser Ongläichheet féieren, wieren dacks déi nämmlecht, seet d'Danièle Picard: Schwangerschaft a Mamm-sinn.
Traditionell Rollenopdeelung
Dobäi kéim d'Charge mentale: Ausserhalb vum Beruff wieren et och meeschtens d'Fraen, déi sech ëm villes am Alldag këmmeren. Sief dat d'Hausaufgabe mat de Kanner maachen oder sech ëm den Haushalt këmmeren.
Et wieren dëst zwar Ugeleeënheeten, déi een innerhalb vum Stot misst klären, mee och d'Educatioun kéint hiren Deel dozou bäidroen, datt sech d'Bild vun der Fra an der Gesellschaft verännert.
Fraen een Espace bidden, fir ze "networken"
Fraen a Spëtzepositioune si géigeniwwer vun hire männleche Kolleegen och dacks am Nodeel, well si sech beispillsweis net esou einfach e Reseau kënnen opbauen, wat awer grad als Entrepreneur zimmlech wichteg ass.
"Networking-Events" géingen dacks ausserhalb vun der Aarbecht stattfannen. Genee dann, wa vill Fraen aus den uewe genannte Grënn verhënnert sinn. Do wéilt een als FFCAL eng Alternativ ubidden.
"On veut leur donner cette opportunité et de faire du réseau, de se connecter entre elles, de se soutenir entre elles, de se comprendre entre elles, de travailler ensemble. Et c'est aussi pour ça qu'on propose différents formats pour qu'elles puissent chacune trouver un moment où elles peuvent intégrer le réseau."
Neie Schwong an d'FFLAC bréngen
D'FFLAC wier wärend der Coronapandemie e bëssen "ageschlof". D'Danièle Picard huet awer d'Ambitioun, nees méi Schwong an d'Federatioun ze bréngen. Aktuell zielt d'FFLAC eng 70 Memberen. De Gros dovu sinn Independanten. Natierlech géingen Independanten a Salariéeën déi selwecht Problemer deelen.
Mee grad Fraen, déi Independant sinn, géinge beispillsweis trotz Schwangerschaft nach laang schaffe goen. D'Danièle Picard sot, si hätt well Frae gesinn, déi spéit an der Schwangerschaft nach Chantiere kucke gaange sinn. E Risk fir Fra a Kand.
Grad fir Independant Frae wier e laangt Feelen op der Aarbecht gläichbedeitend mat enger Perte de revenue. Fir deem entgéint ze wierken, appelléiert d'Danièle Picard och un d'Regierung, méi Mesuren en Faveur vun de Fraen ze huelen.
"Je pense qu'il faudrait les aider à s'accorder cette pause, parce que c'est une pause importante dans la vie d'une femme, dans la vie d'une famille, pour l'enfant aussi. Et ça pourrait être une aide à l'embauche d'une personne, même ne serait-ce qu'à temps partiel, pour les aider, pour se soulager ou une indemnité plus élevée pour qu'elles puissent embaucher quelqu'un, parce que souvent, c'est un peu juste et elles ne le font pas."