arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozessoptakt: Camion räisst CITA-Panneau ëm, Procureur fuerdert Geldstrof

Stater Geriicht

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Prozessoptakt: Camion räisst CITA-Panneau ëm, Procureur fuerdert Geldstrof

Um Stater Geriicht gouf fir den ugeklote Mann eng appropriéiert Geldstrof an een ugemoossent Fuerverbuet gefuerdert. D'Faite ginn zeréck op de September 2023.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Um Stater Geriicht gouf sech um Donneschdegmoie mat engem déidlechen Accident, am September 2023, um Stater Contournement befaasst: Eng Persoun war du gestuerwen a fënnef weiderer goufe blesséiert, wéi e Camion tëschent dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald mat sengem Kipper e Panneau vum CITA mat ewechgeholl hat. Dee war op en Auto op der Géigebunn gefall.

De Chauffeur vun deem Auto war op der Plaz dout, seng Bäifuererin gouf uerg verwonnt. Blesséiert goufen donieft zwou Persounen an engem Minibus, deen och op der Géigebunn ënnerwee war, an de Bäifuerer an de Chauffeur vum Camion. Dee krut elo de Prozess gemaach.

Camionschauffer krut d’Hiewe vum Kipper net mat

De Beschëllegte vun 52 Joer huet ausgesot, datt hien de Kipper op deem fatalen Dag e puermol virum Accident bedriwwen hätt. Hie wier sech och sécher, datt deen erof war, wéi hien op d’A1 eropgefuer ass. Ee Moment hätt hien d’Gefill gehat, datt een him hannendrop gerannt wier. Dunn hätt de Camion sech och scho gehuewen.

Wéi e Polizist op d’Plaz koum, stoung de Camion op der Mëttelleitplank. D’Gefier hätt kee Kontakt méi mam Buedem gehat. Zeien no hätt sech de Kipper no an no opgeriicht, wéi wann e Material ofluede géif.

En ale Camion

De Camionschauffeur hätt geblénkt kritt, ma hien hätt net reagéiert. De Kipper krut de CITA-Informatiounspanneau a 5,5 Meter Héicht ze paken. Dee wier aus béide Verankerunge gerappt an 80 Meter wäit matgeschleeft ginn.

Dem Kommissär no, war de Camion en eelere Modell, déi vun 2005 un hätten eng Sécherheet, fir datt ee Camion net mam Kipper erop fuere kéint. De concernéierte Camion hat déi net.

Fir en Expert, deen de Camion e puermol ënnert d’Lupp geholl hat, hätt dee wuel en Defekt gehat: Bei engem eegenen Test hätt sech de Kipper nämlech gehuewen, ouni datt hien deen entspriechenden Hiewel bedéngt hätt.

Defekte Camion – Wéi vill Schold trëfft de Chauffer?

Déi Ausso huet d’Me Streicher, Affekotin vum Ugekloten, opgegraff. Si huet op den “ale Camion mat Defaute” verwisen. Et wier dofir net kloer, datt de Client e Feeler gemaach hätt, an de Mann wier dowéinst fräizespriechen.

Wougéint de Vertrieder vum Parquet dovun ausgeet, datt d’Accident séier wuel duerch en Handele vum Ugeklote verschëlt gouf an ze evitéiere gewiescht wier. Well awer ënner anerem just e klenge Feeler virloung an en Defekt um Camion, sollte just eng appropriéiert Geldstrof an en ugemoosse Fuerverbuet gesprach ginn.

Dräi Parties civiles hunn iwwerdeems Schuedensersaz an Héicht vun am Ganze ronn 585.000 Euro gefrot. Dovun entfalen eleng bal 535.000 op d’Ponts et chaussées, an der Haaptsaach wéinst dem CITA-Panneau.

D’Urteel gëtt den 12. Februar gesprach.

play_arrow Lauschteren