De Conseil de discipline vun de Staatsbeamten hat doropshin am November 2023 fonnt, datt de Mann sollt an d’Pensioun zwangsversat ginn.
"Suspension avec effet immédiat"
Den Tribunal administratif hat am Abrëll dëst Joer awer entscheet, datt d’disziplinaresch Sanktioun op d’temporär Exklusioun vun de Funktioune mat Entzéie vun der Pai fir en halleft Joer sollt reduzéiert ginn. De Staat hat am Mee dëst Joer dogéint Appell gemaach.
Am Oktober 2022, ronn zwee Joer nom Schoulmeeschter senger Nominatioun, war eng éischt Instruction disciplinaire géint hie lancéiert ginn. Am Februar 2023 koum et zur zweeter an am Juni 2023 zur 3. Instruction disciplinaire géint de Fonctionnaire.
Zwou Wochen drop hat den Educatiounsminister Claude Meisch dem Mann seng “suspension avec effet immédiat” confirméiert.
Vill gefeelt a reegelméisseg ze spéit komm
Am November 2023 war den DP-Politiker dunn der Demande vum Conseil de discipline nokomm, fir de Mann an d’Pensioun zwangszeversetzen. D’Virwërf u seng Adress waren ënner anerem, datt hien ëmmer nees net op senger Aarbechtsplaz gewiescht wier, reegelméisseg ze spéit komm wier, an am Cours geschlof hätt.
De Schoulmeeschter war am Februar 2024 op d’Verwaltungsgeriicht gaangen, an den Tribunal administratif hat virun 8 Méint dunn déi manner héich Strof decidéiert, mat där de Staat net d’accord war.
Dräi Instruction-disciplinairë geféiert
An hirem rezenten Urteel halen d’Riichtere vun der Cour administrative fest, datt de suspendéierte Schoulmeeschter eng manner héich Strof wéilt wéi déi, déi déi éischt Riichtere gesprach haten.
Fir domat weiderzefueren, datt - fir d’Festleeë vum Strofmooss - d’Attitüd vum Fonctionnaire an d’Faite misste gekuckt ginn. D’berufflech Verfeelungen hätte mol net zwee Joer no senger definitiver Nominatioun ugefaangen an eeben zu net manner wéi dräi Instruction-disciplinairë geféiert.
Verhältnis mat de Kolleege war gebrach
Am Urteel geet rieds vun engem "comportement durablement défaillant", mat deem weidergefuer gi wier, trotz den Instruction-disciplinairen.
De Mann hätt ënner anerem den normale Schoulfonctionnement gestéiert, an d’Vertrauensverhältnes zu senge Kolleege wier definitiv gebrach.
Dofir kommen, am Géigesaz zu den éischte Riichteren, déi zweet vum Verwaltungsgeriicht zur Conclusioun, datt wéinst der Gravitéit vun de Faiten en Zwangsversetzen an d’Pensioun net disproportionéiert wier.