De Maximilian Richard, Redakter beim Lëtzebuerger Wort, war um Geriicht dobäi an huet gesinn, wéi den Ugeklote mat enger ruckaarteger Beweegung sech um Hals blesséiert huet. Hie gouf dunn direkt vun de Beamten op der Plaz immobiliséiert. Doropshi gouf d’Geriichtsverhandlung och ofgebrach. Leit déi aus dem Prisong an de Geriichtssall transferéiert ginn, gi bei der Sortie aus dem Prison kontrolléiert a net méi am Geriicht selwer, sou den Henri Eippers, Porte Parole vun der Administration judiciaire.
Vun der Prisonsadministratioun, déi eng intern Enquête ageleet huet, gouf op d’ Police verwisen, déi déi Kontrolle géif duerchféieren. An enger schrëftlecher Äntwert erkläert d'Police, datt d'Persoun virum Trajet uerdnungsgeméiss vun zwee Polizist:innen ënnersicht gi wier. Dobäi wier näischt Opfälleges festgestallt ginn.
Nodeems de Mann an d'Klinik bruecht ginn ass, wier de Mann fir haftfäheg erkläert ginn a wier dunn an de Centre pénitentiaire Ueschterhaff bruecht ginn. D'Blessur wier am Spidol als "net besonnesch déif" klassifizéiert ginn, seet d'Police.