Deemools war et am fréien Owend op den Trainingsterrainen an der Hiel zu engem Sträit tëschent engem Onbekannten an dem ugekloten Trainer komm. Den Onbekannte goung senger Wee, koum awer no ronn enger hallwer Stonn mat zwee Messeren zeréck. 3 Leit, dorënner déi zwee Beschëllegt, stelle sech him entgéint.
Ee vun den dräi Stéch war déidlech
Bei der Iwwerwältegung vum Onbekannte gëtt dee mat engem Messer gepickt a mat engem Stee geschloen, wouropshin hie 15 Minutte muss reaniméiert ginn.De Mann, e Flüchtling aus dem Irak, kënnt nach an d’Spidol, gëtt do noutoperéiert, mee stierft eng 8 Stonnen nom Tëschefall. Als Doudesursaach nennt d’Geriichtsmedezinerin de Bluttverloscht vum Affer. Ee vun den am Ganzen 3 Stéch - d’Affer loung dee Moment um Bauch - hätt nämlech d’Schlagoder am rietse Bee getraff. D’Kappblessuren duerch d’Schloe mat engem Stee wieren net déidlech gewiescht.
Keng Emotioune beim Haaptugekloten
Fir den Enquêteur vun der Police judiciaire ass déi plausibelst Versioun déi, datt den Trainer fir d’Messerstéch a fir d’Schloe mam Stee responsabel war. Een Zeien, dee kuerz no der Dot gehéiert gouf, hätt erkläert, datt den Trainer ee Moment sot, hie géif den Onbekannten ëmbréngen. Den Trainer hätt, sou den Zeien, seng Spiller als seng Kanner ugesinn. Hien hätt dem Polizist géintiwwer zimmlech ouni Emotiounen ausgesot. Et wier him och egal gewiescht, datt sech de Gesondheetszoustand vum Onbekannten d’Zäit vum Verhéier iwwer verschlechtert hätt. Wouropshin d’Presidentin vum Geriicht gemengt huet, si wier sech net sécher, ob den Haaptugekloten den Eescht elo verstanen hätt. Deen hat um Ufank vun der Sëtzung betount, d’Virwërf géint hie géifen net all stëmmen: D’Menacen, d’Affer dout ze maachen, wieren zum Beispill net wouer.
CNS fuerdert Schuedensersatz
Fir e Psychiater, deen den Trainer kuerz no der Dot am Prisong gesinn hat, hätt dee keng psychiatresch Krankheet. Hie wier och net geféierlech, mee strofrechtlech responsabel, an et géif e favorabele Pronostic fir seng Zukunft ginn. Woubäi den Enquêteur nach betount hat, bei enger Reconstructioun vun der Dot wier et zu enger Rëtsch Onstëmmegkeeten iwwer den Oflaf dovu komm. Ënner anerem hätt den Trainer seng Aussoe geännert an de Matugeklote belaascht.
Um Enn vun der Sëtzung hat d’Gesondheetskeess als Partie civile nach eng 11.000 Euro Schuedensersatz gefrot wéinst de Spidolsfraisë vum Affer.
Dëse Prozess, deen op am Ganzen dräi Deeg ugesat ass, geet muer um Mëttwochmëtteg virun.