Um Freidegowend huet Däitschland säin éischte Match géint Polen 2:0 gewonnen. Am skandinaveschen Duell huet Dänemark 0:1 géint Schwede verluer.
Um Samschdeg owend spillt da Wales géint Holland um 18 Auer an um 21 Auer spillt Frankräich géint England.
Kee Lëtzebuerger beim Tour de France
Den Tour de France start um Samschdeg mat enger flacher Etapp vun 185 Kilometer zu Lille. Déi 112. Editioun vun der Grande Boucle dauert dräi Woche laang.
D‘Arrivée no 21 Etappen an 3.339 Kilometer ass de 27. Juli zu Paräis. De grousse Favorit ass och dëst Joer de Slowen Tadej Pogacar, deen eng 4. Victoire vum Tour de France ustrieft.
Et ass dëst Joer kee Lëtzebuerger mat derbäi. De Bob Jungels hat gehofft, mat fueren ze kënnen, hie gouf um Enn awer net vu senger Ekipp Ineos Grenadier selektionéiert.
Grand Prix
An der Formel 1 ass um Sonndeg de Grousse Präis vu Groussbritannien zu Silverstone an England. Virun der Course sinn um Samschdegmëtten d‘Qualifikatiounen.