Déi genee Zuel un Affer ass awer onkloer. Ënner anerem well am Iran den Internet blockéiert ass.
Friedrich Merz rechent geschwë mat Enn vun iranescher Staatsféierung
Hie géif dovun ausgoen, datt et déi lescht Deeg oder Woche vum Regimm am Iran sinn, esou den däitsche Kanzler bei senger Visitt an Indien.
Wann ee Regimm sech nëmmen nach mat Gewalt un der Muecht hält, da wier et faktesch um Enn, huet den däitsche Kanzler am Kontext vun de Masseprotester am Iran erkläert.
Protester géint de Regimm am Iran
Den CDU-Politiker hat d’Gewalt vun den iranesche Sécherheetsforcë schonn um Méindeg als “brutal” kritiséiert. Hien hat een Appell un déi iranesch Féierung gemaach, d’Populatioun ze schützen a se net ze menacéieren.
Zënter iwwer zwou Wochen demonstréieren d’Iranerinnen an d’Iraner géint den autoritäre System an der Islamescher Republik.
Drock duerch méiglech US-Stroftaxen
Den US-President Donald Trump wëllt dann duerch Stroftaxen den Drock op Teheran erhéijen. D‘US-Regierung wéilt nei Stroftaxe vu 25 Prozent op den Importer aus alle Länner aféieren, déi Geschäfter mam Iran maachen. Dat huet de President Donald Trump op senger Online Plattform mat gedeelt.
Zu de wichtegsten Handelspartner vum Iran gehéieren ënner anerem China, Indien, Russland, d‘Tierkei an d‘Vereenten Arabesch Emirater.