arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Vizekanzler Lars Klingbeil op Visitt a China - Kritik vun de Gréngen

Däitschland

|
headphones

1 min

Däitsche Vizekanzler Lars Klingbeil op Visitt a China - Kritik vun de Gréngen

Den däitsche Vizekanzler Lars Klingbeil gëtt haut um Méindeg fir eng Visitt zu Peking erwaart. Hie wëllt do fir e fairen Handel an e besseren Accès op de chineesesche Marché plädéieren.

headphones

1 min

Däitsche Bundesfinanzminister Lars Klingbeil (SPD)  | © picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Däitsche Bundesfinanzminister Lars Klingbeil (SPD) (Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

An der Lescht hat China den Export vu seelenen Äerden an d'EU limitéiert, wat verschidde Branchen an d'Laberente bruecht huet.

D'Visitt vum SPD-Vizekanzler gëtt ënner anerem vun deene Grénge schaarf kritiséiert: Et ass déi éischt Visitt vun engem däitsche Minister vun der schwaarz-rouder Regierung a China.

Eng geplangte Visitt vum Ausseminister Wadephul war virdrun ofgesot ginn, well deen a China just vun enger zweetrangeger Delegatioun sollt empfaange ginn.