arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autoritéite rätsele virun: Doud vun däitscher Famill wërft Froen op

Istanbul

|
headphones

1 min

Autoritéite rätsele virun: Doud vun däitscher Famill wërft Froen op

Zu Istanbul gëtt weider iwwer den Doud vun enger Famill aus Däitschland gerätselt: Nodeems d'lescht Woch schonn d'Mamm an zwee Kanner un enger Vergëftung verscheet waren, ass elo gëschter um Méindegowend och de Papp gestuerwen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Ahmed Deeb
(Foto: picture alliance/dpa | Ahmed Deeb)

Déi däitsch Famill mat tierkeschen Originne war zu Istanbul an der Vakanz. Am Ufank war ee vun enger Liewensmëttelvergëftung ausgaangen, well d‘Famill op verschiddene Stroossestänn giess hat.

Mëttlerweil gëtt awer och an Direktioun vun Insekten-, oder Déieregëft enquêtéiert.

Den Hotel, an deem d‘Famill sech opgehalen huet, gouf zougemaach. 11 Leit goufe bis elo scho festgeholl.