arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Friddensnobelpräis: Onkloer, ob Machado perséinlech deelhuele kann

Oslo

|
headphones

1 min

Friddensnobelpräis: Onkloer, ob Machado perséinlech deelhuele kann

Haut, Mëttwoch, ginn de Friddensnobelpräis an den Nobelpräis fir d'Literatur zu Oslo feierlech iwwerreecht. Bis elo ass awer nach net kloer, ob d'Laureatin fir de Friddensnobelpräis un der Zeremonie de Mëtteg an Norwegen deelhuele kann.

headphones

1 min

© EPA/RONALD PENA R.
(Foto: EPA/RONALD PENA R.)

Et ass net gewosst, ob déi venezuelanesch Oppositiounscheffin Maria Corina Machado dofir op Oslo reest oder net. Si selwer sot, si wéilt alles drusetzen, fir bei der Zeremonie kënnen dobäi ze sinn. Eng Pressekonferenz um Dag virun der Präisiwwerreechung huet allerdéngs missen annuléiert ginn.

De venezuelanesche Parquet huet hir gedreet, si als "geflücht" anzestufen, wa si d‘Land verléisst. Dat géif bedeiten, datt si bei der Arees festgeholl gëtt, oder iwwerhaapt net méi areesen dierf.

D‘Maria Corina Machado gouf fir hire Kampf fir demokratesch Rechter vum venezuelanesche Vollek mam Friddensnobelpräis ausgezeechent. 

Wéinst Bedenken ëm hir Sécherheet, lieft si a Venezuela verstoppt.

Iwwerdeems gëtt an der Zeremonie de Mëttwochmëtteg och de Literaturnobelpräis iwwerreecht. Dee geet un den ungareschen Auteur László Krasznahorkai.