Déi venezuelanesch Oppositiounspolitikerin María Corina Machado huet et net mat Zäiten dohinner gepackt. Si soll awer trotz grousser Risiken op Oslo kommen. Dat huet den norwegeschen Nobel-Institut matgedeelt.
Si wier a Sécherheet a si soll den Owend oder muer de Moien ukommen.
"Couarage weisen"
Der María Corina Machadohir Duechter huet de Präis entgéint geholl, a si huet eng Ried gehalen, déi hir Mamm geschriwwen huet.
Doranner huet déi venezuelanesch Oppositiounspolitikerin Maria Corina Machado ënner anerem de "Staatsterrorismus" an hirem Heemechtsland verurteelt a betount, datt ee fir d’Demokratie oprechtzeerhalen, misst "prett si fir d‘Fräiheet ze kämpfen."
"An d’Fräiheet ass ee Choix, deen all Dag nees erneiert muss ginn, zesumme mat eiser Bereetschaft an eisem Courage, si ze verdeedegen. Aus dësem Grond geet d’Bestëmmung vu Venezuela iwwer eis Grenzen eraus: E Vollek, dat Fräiheet wielt, wielt Fräiheet net nëmme fir sech selwer, mee fir d’Mënschheet."
Menacë vum Maduro-Regime a Venezuela
Den autoritäre Maduro-Regime am Venezuela hat der María Corina Machado domat gedreet, datt si net méi dierft zeréck an hiert Land, wa si géif ausreesen.
Déi 58 Joer al Fra lieft aus Suerg ëm hir Sécherheet op enger geheimer Plaz a Venezuela.
Si krut de Friddensnobelpräis dëst Joer wéinst hirem Asaz fir d‘Demokratie a Venezuela.