arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréier EU-Chefdiplomatin nees op fräiem Fouss

Korruptiounsverdacht

|
headphones

1 min

Fréier EU-Chefdiplomatin nees op fräiem Fouss

Déi fréier EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini, déi gëschter wéinst Korruptiounsverdacht festgeholl ginn ass, ass rëm op fräiem Fouss. Dat huet den Europäesche Parquet hei zu Lëtzebuerg matgedeelt.

headphones

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

D'Federica Mogherini an och déi aner zwee Verdächteg, déi gëschter an der Belsch festgeholl gi wieren, wiere rëm fräi gelooss ginn, well keng Fluchtgefor bestéing. Déi fréier italiéinesch Ausseministerin ass aktuell Rektorin vum Collège d‘Europe, wou EU-Fonctionairen an Diplomate forméiert ginn.

Déi aner zwee Verdächteg sinn den Direkter adjoint vun deem Collège an en héije Responsaablen vun der EU-Kommisisoun. Si kréie Korruptioun, Interessekonflikter, Favoritismus an deloyal Konkurrenz virgehäit.