arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bestietnisser vu gläichgeschlechtleche Koppelen an all EU Land unerkannt

EU-Geriichtshaff

|
headphones

1 min

Bestietnisser vu gläichgeschlechtleche Koppelen an all EU Land unerkannt

E Bestietnis tëschent enger gläichgeschlechtlecher Koppel an engem EU Land, muss och an allen aneren EU Staaten unerkannt ginn. An dat och wann et an deene Länner kéng entspriechend gesetzlech Reegelung fir gläichgeschlechtlech Bestietnisser gëtt. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff decidéiert.

headphones

1 min

Zwee Polen, déi sech 2018 an Däitschland bestuet haten, kruten hire gläichgeschlechtleche Mariage, wéi se a Pole goungen, do net unerkannt. Si hu beim Ieweschte polnesche Verwaltungsgeriicht geklot, an dat Geriicht hat dunn den europäesche Geriichtshaff gefrot, an dëser Affär ze tranchéieren.

Dem EUGH no géif esou eng Verweigerung, wéi d'Koppel a Polen erlieft huet, géint d'Uniounsrecht verstoussen. Doduerch géif nämlech d'Recht op Openthalt an d'Grondrecht op Respekt virum Privat- a Familljeliewe verletzt ginn.

D'Urteel vum EUGH géif iwwerdeems net heeschen, datt all d'EU-Länner misste gläichgeschlechtlech Bestietnisser an hir national Gesetzgebung ophuelen, preziséiert den EUGH.