Geklot huet d’Stëftung Aurelia, déi sech fir Beien a Biodiversitéit asetzt. Konkret geet et drëm, datt d’EU-Kommissioun am Joer 2022 d’Zoulossung vum Herbizid Glyphosat an der EU verlängert huet, ouni, datt d’Préiwe vun de Risken ofgeschloss war.
Der Aurelia Stëftung no, géif d’Substanz awer grouss Riske fir ënner anerem d’Beien an d’Biodiversitéit duerstellen. Mat deem Urteel muss d’EU-Kommissioun elo den Herbizid Gylphosat op en Neits préiwen.