arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fransous Camilo Castro fräigelooss

Am Venezuela festgehalen

|
headphones

1 min

Fransous Camilo Castro fräigelooss

Frankräich annoncéiert eng weider Liberatioun: De Fransous Camilo Castro, deen zënter Enn Juni am Venezuela festgehale gouf, ass fräi komm. Dat huet de franséische President Emmanuel Macron haut um Sonndeg op X annoncéiert.

headphones

1 min

Fändel Venezuela | © picture alliance / NurPhoto | Luis Boza
Fändel Venezuela (Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza)

Den 41-Joer ale Yoga Professer Camilo Castro, deen a Kolumbie lieft, war de 26 Juni verschwonnen, wéi hie säi Visa op engem Grenzposten tëschent Venezuela a Kolumbie wollt erneieren.

Seng Famill an d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International soten, hie wier vun de venezuelaneschen Autoritéite festgeholl ginn. Amnesty hat am Summer an engem Rapport behaapt, datt zënter de Re-Elektioun vum Nicolas Maduro am Venezula reegelméisseg politesch Géigner:innen an Auslänner:innen verhaft an agespaart géife ginn.