Dobäi geet et ënner anerem ëm de Choix iwwer den eegene Kierper, ma awer och ëm d‘Revendicatioune fir méi Fuerschung am Beräich vun der genderspezifescher Medezin oder der Medikamentenentwéckelung. Bis ewell ass nämlech de Kierper vum wäisse Mann de Standard an der Medezin gewiescht.
Iwwerdeems gëtt gefuerdert, datt am Privatsecteur an Entreprisen, déi kee Kollektivvertrag hunn, e spezielle Congé agefouert gëtt, fir zum Beispill Frae mat der chronescher Erkrankung Endometriose.
5.000 Participante(ë)n
Mat dobäi op der feministescher Marsch ware Fraenorganisatioune wéi d‘JIF, Gewerkschaften, Parteien an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft wéi zum Beispill Amnesty international. Den Ament ginn et nach keng offiziell Chifferen zu de Participanten. Den Organisatricen no waren op d‘mannst 5.000 Leit op der Plaz.