arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat ass et als Fra esou schwéier, sech steriliséieren ze loossen?

Santé

|
reading time

6 min

headphones

7 min

play_arrow

Firwat ass et als Fra esou schwéier, sech steriliséieren ze loossen?

Zënter dem 1. Abrëll 2023 iwwerhëlt d’Krankekeess d’Käschten fir eng ganz Partie Verhiddungsmëttel, och d’Sterilisatioun. Eng Demande de prise en charge préalable ass net méi néideg. Mee bei jonke Fraen déi sech wëlle steriliséiere loossen, gëtt genee dës Decisioun nach dacks a Fro gestallt.

reading time

6 min

headphones

7 min

play_arrow

Trotz der Gratuitéit stousse virun allem jonk Fraen nach op gréisser Barriären, och wa si sech bewosst fir dësen Agrëff entscheeden.

“Et huet mech scho verletzt, datt ech bei engem Professionellen ,oder bei engem Spezialist éischter, sëtzen an dee seet mer dann, nee, dat man ech net.”

Gynekolog: Net bei Jonke Fraen ouni Kanner

Fir d’Caroline Wolff war scho fréi kloer, datt si keng Kanner wëll. Scho mat 18 Joer huet si sech eng éischte Kéier iwwer d’Méiglechkeet vun enger Sterilisatioun informéiert, an ass vun Ufank un op Hürde gestouss. Den éischte Gynekolog bei deem si war, hätt hir direkt ze verstoe ginn, datt hien dat bei enger jonker Fra, déi nach keng Kanner huet, dat net maache géif.

“Einfach well ech ze jonk sinn an ech nach keng Anung iwwert mäi Liewen hätt, wat duerno kéint kommen. An hie wéilt mer keng Steng an de Wee leeën.”

Weider hätt hien hir och keng Hoffnung gemaach, en aneren Dokter hei am Land ze fannen, deen eng Sterilisatioun bei hir maache géif. 

“An och mam Argument, datt ech géing bei e Psycholog goen a mer e Schreiwen siche goen, datt ech kloer am Kapp wier an, datt dat e "legit" Wonsch vu mir wier, mee nee, dat huet hien awer net interesséiert."

Risk vun Entmëndegung 

De Gynekolog hätt hir dunn och ze verstoe ginn, datt aner Dokteren dat d'selwecht geséichen an eng Fra mat 18, 19 Joer warscheinlech net steriliséiere géifen. Als Dokter kéint een dat net esou einfach vertrieden, hätt de Gynekolog nach gesot erzielt déi jonk Fra. 

Eng Erfarung déi och dem Planning Familial bekannt ass. Der Presidentin Fatima Rougi no, wier et fir jonk Fraen zu Lëtzebuerg eigentlech onméiglech, sech steriliséieren ze loossen.

“C'est sur le terrain, j'en ai parlé à plusieurs de nos médecins au planning familial, le constat est sans appel, c'est quasiment mission impossible. Voilà, ça c'est pour les jeunes femmes. Si elles n'ont pas eu d'enfant.”

Fatima Rougi, Presidentin vum Planning familial | © Radio 100,7
Fatima Rougi, Presidentin vum Planning familial (Foto: Radio 100,7)

Männer géif een och net soen, "dir sidd gebuer fir Kanner ze kréien"

Hiren Erfarunge vum Terrain no géife Fraen, och wa si hire Choix wuel iwwerluecht getraff hunn a sech alle Konsequenze bewosst sinn, Froe gestallt kréie wéi zum Beispill, ob si sech da wierklech sécher sinn. Eng Hürd, mat där Männer éischter seele konfrontéiert wieren. 

“Ça montre qu'on questionne beaucoup moins la volonté de parentalité chez un homme que j'ai vu une femme. Chez un homme, s'il veut se faire une vasectomie, on ne va pas dire . Mais vous allez le regretter, c'est un peu dans votre nature de devenir papa, vous êtes né pour donner naissance, vous êtes né pour devenir parent. La charge mentale de la maternité et de la parentalité repose énormément sur la femme."

De Planning Familial warnt hei virun enger Entmëndegung. Fir d’Fatima Rougi geet et hei och ëm eng Fro vu Selbstbestëmmung.

“Ce n'est pas aux médecins de dire : ‘Est-ce que vous êtes sûre, mais vous allez le regretter, machin, machin, ce n'est pas votre affaire."

Et wieren erwuesse Fraen, déi mat enger getraffener Decisioun an de Cabinet kéimen. Et sollt ee si net infantiliséieren an hir Decisioun iwwer hiren eegene Kierper a Fro stellen.

Zënter dem 1. Abrëll huet d’CNS 2023 d’prise en charge vun 166 Sterilisatioune bei Fraen iwwerholl. Wéi weider aus den offizielle Chiffere vun der Krankekeess ervir geet, ass dës Zuel 2024 op 374 geklommen. 2025 goufen 245 Sterilisatioune bei Frae rembourséiert, woubäi d’Zuele vun zejoert nach net definitiv sinn.

Net just Tabu-Thema mee och medezineschen Ursaach 

De Planning fuerdert ee méi klore juristesche Kader. Aktuell géif et nämlech trotz der méi héijer Nofro keng kloer Krittäre ginn, wéini eng Sterilisatioun refuséiert ka ginn a wéini net. 

“Comme ça, on verra quels sont les critères vraiment qui sont utilisés sur le terrain pour justement les refuser. Et comment ils sont refusés. Et d'ailleurs s'il y a des refus. Et une transparence plus grande sur les chiffres sur la santé sexuelle et affective au Luxembourg.”

Datt et fir Männer allgemeng méi einfach wier, eng Vasektomie gemaach ze kréien, wéi et fir Fraen ass eng Ligatur vun den Eileiter duerchféieren ze loossen, hätt nieft der Stigmatisatioun an den nach ëmmer gesellschaftlechen Tabu-Themen awer och ee medezinesche Grond, esou nach d’Fatima Rougi. Sou wier d'Vasectomie bei de Mäner manner invasive. Anescht wéi bei der Ligatur wier zum Beispill och keng Vollnarkos néideg.

Positiv: Männer iwwerhuele Responsabilitéit an der Verhütung

Béid Fäll wieren nëmme schwéier bis guer net reversibel.

Positiv gesäit d’Fatima Rougi, datt och d’Zuele vun de Vasektomië bei de Männer eropginn. Dat géif weisen, datt d’Responsabilitéit fir ze verhidde mëttlerweil liicht méi verdeelt wier. Bis elo hätt och déi Responsabilitéit virun allem bei de Frae geleeën.

“C'est elle qui doit prendre la contraception, c'est elle qui doit prendre la pilule, c 'est elle qui doit se faire poser un stérilet. Le seul moyen de contraception qui est aussi un moyen de protection qui se pose sur l'homme, c'est le préservatif.”

Caroline Wolff gëtt hire Wonsch net op

D’Caroline Wolff hat puer Joer méi spéit nach ee Versuch gestart. Dës Kéier war si an éischter Linn wéinst hirer Endometrios bei enger Doktesch, déi si bei ee Chirurg weidergeleet hat. D’Caroline Wolff hat gehofft, datt am Kader vun enger Endometrios-Operatioun och eng Sterilisatioun méiglech wier. Mee och dat war dem Chirurg net als Grond duergaangen. 

“Also de Chirurg, dee war ganz kloer fir sech perséinlech, aus ethesche Grënn géing hien engem jonke Mënsch net Tüben zoumaachen”

An der Behandlung vun hirer Endometrios ass si liicht viru komm, mee un hirem Wonsch fir eng Sterilisatioun hält d’Caroline Wolff nach ëmmer fest. Mëttlerweil wunnt si wéinst hire Studien an Éisträich, wou si weider no Méiglechkeete siche wäert. 

play_arrow Lauschteren