arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychosozial a medezinesch Hëllef fir Affer vu Gewalt: Service elo 24/24 verfügbar

Gewalt

|
reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Psychosozial a medezinesch Hëllef fir Affer vu Gewalt: Service elo 24/24 verfügbar

Méi wéi eng Persoun pro Dag huet den Centre National pour victimes de violence am Duerchschnëtt am lëschte Joer opgesicht. Den Zentrum bitt Affer vu psychescher a physescher Gewalt eng éischt Ulafstell. Hei kënne si psychosozial a medezinesch Hëllef, mee och rechtlech Informatioune kréien.

reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow
© Moris Garzaro
(Foto: Moris Garzaro)

De Service, dee vun der Croix-Rouge bedriwwen a mam Gläichstellungsministère konventionéiert ass, ass zënter dem éischte Mee verstäerkt. Dat duerch e 24/24 Stonne-Service an eng Helpline, déi ëmmer erreechbar ass.

Och d'Police ka present si fir Plainten opzehuelen

D’Entrée vum Centre National pour Victimes de Violences (CNVV) op der Stäreplaz läit tëschent zwee Gebaier an engem Bannenhaff. Eng grouss gliesen Dier féiert an d’Gebai eran. Hanner der grousser Entrée mat vill Dagesliicht fënnt ee verschidde Raim. Déi meescht dovu si gemittlech ageriicht, wéi eng Stuff: Mat enger Couche, engem klengen Dësch an e puer Planzen. 

Hei ginn d’Affer empfaangen a kënnen an engem éischte Gespréich hir Situatioun erklären. Ee weidere Raum ass op medezinesch Hëllef ausgeluecht, an nach engem aneren ass d’Police installéiert, fir d’Plainten entgéintzehuelen. 

"Mir sinn ee Service de réorientation. D'Leit kënnen awer nach eng Kéier zeréckkommen. Mir kucken ëmmer iergendwéi awer een A drop ze hunn, wou si hi ginn, fir en eng Kéier nozefroen, wéi ass et gaangen." 

Erkläert d’Sandra, dat, wéi déi aner Mataarbechter:innen net wëllt mam Nonumm genannt ginn. Si ass Infirmière beim CNVV.

Esou vill Zäit huelen, wéi déi betraffe Persoun et brauch

D’Hannergrënn, wéinst deenen déi betraffe Persounen den Zentrum opsichen, wiere ganz verschidden an d’Zil wier et de Leit en oppent Ouer ze bidden an hinnen an hirer individueller Situatioun bescht méiglech weiderzehëllefen.

Wann eng betraffe Persoun am Zentrum ukënnt, probéiert d’Ekipp ganz op déi Betraffen anzegoen, esou d’Jil, Educatrice Diplômée.

"Mir kënnen eis esou vill Zäit huelen, wéi d'Persoun brauch, hir dee Raum ginn. Normalerweis geet et domadder lass, datt d'Persoun schellt. Da maache mir den Accueil, fir ze kucken, ëm wat et geet." 

Da géif déi betraffe Persoun an e Sall geféiert ginn. 

"Si kritt mol als éischt eppes ze drénken ugebueden, eppes ze iessen, wa si hongereg ass. Dat ass ëmmer esou de Start, géif ech mengen. An da kucke mir, wéi d'Persoun grad et brauch." 

Heiansdo wier et schwéier fir d'Affer fir direkt ze schwätzen. 

"Da proposéiere mir oft: Solle mir Iech grad mol erklären, wat mir hei maachen, wéi mir funktionéieren. Wa mir awer elo eng Persoun hunn, déi grad de Besoin huet direkt ze schwätzen, dann ass dat och vollkommen ok." 

Am Zentrum gëtt normalerweis ëmmer am Binom geschafft. D’Zil ass et, déi zwee Point de Vuë mateneen ze vergläiche fir déi betraffe Persoun bescht méiglechst ze ënnerstëtzen.

Komplementar Erfarunge fir d'Leit beschtméiglech ze encadréieren

D’Mataarbechter:inne kommen aus verschiddene Beräicher, wéi beispillsweis der Refugiéshëllef, dem Famillen- oder dem Handicapberäich. Si probéiere sech mat hirer Erfarung géigesäiteg ze ergänzen, erkläert den Haris, Assistant social am CNVV.

"Och eis Erfarunge si ganz komplementar. Dat heescht, wa mir mol eng Iddi brauchen, u wéi ee Service kënne mir elo eng Persoun weiderleeden. Net just wéinst der Violence, mee och wéinst sengem Profil, da kann een ëmmer an d'Team froen: Wéi eng Tipps géifs du elo gi vu Servicer, wou ee kéint déi Persoun weider orientéieren." 

Op Nofro hin hunn d’Mataarbechter:innen allen dräi erkläert, datt d’Aarbecht am Zentrum belaaschte kéint, mee datt si ee fir den aneren do wieren. D’Sandra erkläert, wat hir perséinlech d’Schaffen am Zentrum bedeit.

"Et ass eng schwiereg, oder heiansdo och frustrant, mee eng immens wichteg Aufgab, wou een ëmmer gestäerkt erausgeet, wann een de Leit kann nolauschteren."

Et kéint een de Leit vill zeréckginn. 

"Wann ech fir d'ganz Ekipp ka schwätzen, schafft jidderee ganz gär hei. Mir hunn eng ganz gutt Ekipp, mir hunn eng ganz gutt Entente a mir probéieren ëmmer dat Bescht méiglech erauszehuelen, fir eis Beneficiairen, déi kommen." 

D’Ekipp vum CNVV huet bis elo aus siwe Persoune bestanen. Zënter dem 1. Mee ass d’Personal bal verdräifacht ginn. 20 Persoune wäerten dann am Zentrum schaffen.

Net just op der Plaz mee och iwwer Telefon erreechbar

Mat der Verstäerkung vun der Ekipp besteet d’Méiglechkeet, hir Dieren zu all Auerzäit opzehunn. Mat nei rekrutéierte Psychologe kënnt och eng nei Funktioun dobäi.

Fir Victimmen, déi net selwer kënne laanscht kommen, existéiert och eng Helpline, déi en zu all Zäit kann uruffen, esou d’Sandra.

"D'Leit kënnen einfach laanschtkommen, ouni musse virdrun unzeruffen. Déi Helpline natierlech hëlleft och fir d'Leit opzefänken, och à distance, wa si d'Méiglechkeet net hunn, laanschtzekommen, fir awer eng Ecoute ze hunn."

Mat dëser Ännerung rechent den CNVV domat, datt d’Zuel vun de Persounen, déi de Service an Usproch huelen, weider an d’Luucht wäert goen. Dat, well d'Zäite méi accessibel si fir beispillsweis Persounen, déi haislech Gewalt erlieft hunn a just wärend de Schaffzäite vun hirem Aggresseur d’Méiglechkeet hunn, Hëllef ze sichen.

Wann Dir selwer Affer vu Gewalt sidd oder d’Gefill hutt, Dir wéilt engem eppes undoen, kënnt Dir weider Informatiounen zum Centre um Internetsite violence.lu fannen.

play_arrow Lauschteren