arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaft a Bloalgen: Verantwortlech Düngerréckstänn wieren zeréckgaang

Stauséi

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Landwirtschaft a Bloalgen: Verantwortlech Düngerréckstänn wieren zeréckgaang

Zanter enger gudder Woch sinn d’Plagë ronderëm de Stauséi wéinst Bloalgen zou. Déi gëfteg Alge sinn dëst Joer bal e Mount méi fréi opgetruede wéi soss. Fuerscher vum LIST ginn dovun aus, datt virun allem dat waarmt Fréijoer dozou bäigedroen huet. Als weidere Grond gëtt och den Dünger aus der Landwirtschaft genannt, dee säi Wee an d’Waasser fënnt. 

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

D’Landwirtschaftlech Kooperatioun aus dem Naturpark Uewersauer an d’Landwirtschaftskummer betounen awer, datt d’Bauere versichen dësen Effekt sou wäit et geet ze miniméieren. Den Dünger ass fir si net déi eenzeg Erklärung.

Düngerréckstänn géifen zeréck goen

Soubal ee vun Dünger schwätzt, wier et evident d’Schold fir d‘éischt beim Bauer ze sichen, seet de President vun der Landwirtschaftskummer Christian Hahn. Reegelméisseg Buedem-Analysen aus de Felder ronderëm de Stauséi géifen eng aner Tendenz weisen: D’Düngerréckstänn géifen zeréck goen, esou de Christian Hahn. Notamment de Phosphor, dee fir d‘Bloalge verantwortlech ass, géif sech ofbauen.

Dat huet ënner anerem domat ze dinn, dass knapp 80 Prozent vun de Felder an der Schutzzon ronderëm de Stauséi vun der Landwirtschaftlecher Kooperatioun Naturpark Uewersauer, kuerz LAKU, bewirtschaft ginn. D’Zuelen aus den Analyse vun der LAKU ënnerstëtzen d’Aussoe vun der Landwirtschaftskummer, erkläert Coordinatrice Martine Stoll. An do wou d’Réckstänn net zeréck ginn, géif een aktiv reagéieren.

Forstwirtschaft kéint eng weider Ursaach sinn

Mee d’Landwirtschaft ass och net déi eenzeg Quell vu Phosphor. E weider wichtege Faktor wieren d’Sedimenter, déi sech zanter Joerzéngte bei de Wierer virun der Staumauer usammelen, erkläert de Christian Hahn. Et hätt een nach ëmmer mat Sedimenter ze kämpfen, déi schonn zënter Joren am Stau sinn.

Besonnesch a Wäschmëttel war fréier vill Phosphor enthalen. Zu enger Zäit, wou d’Kläranlagen dat nach net filtere konnten. Héich Temperaturen am Summer géifen dozou féieren, dass de Phosphor sech nees aus de Sedimenter léist, sou de Christian Hahn. D’Martine Stoll weist drop hin, datt et nieft der Landwirtschaft nach aner ekonomesch Aktivitéiten an der Schutzzon ginn, déi eng Roll spille kënnen. Ënner anerem an der Forstwirtschaft.

"Dat heescht wann do bemol d’Närstoffwäerter an d’Luucht ginn an deene Baachen, datt dat och eventuell da kann un der Forstwirtschaft leien. Datt do e Kalschlag war oder eppes wat dann deen Effekt ausgeléist huet."

D’Landwirtschaft ronderëm de Stauséi wier sech hirer Responsabilitéit géigeniwwer dem Waasser bewosst, esou déi Responsabel. Bis d’Bloalgen dauerhaft aus dem Stauséi verschwannen, kann et awer nach Joren daueren.a

play_arrow Lauschteren