arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Feminizid: Parquet fuerdert Liewenslänglech fir Ugekloten

Justiz

|
headphones

1 min

Feminizid: Parquet fuerdert Liewenslänglech fir Ugekloten

Liewenslängleche Prisong huet d’Vertriederin vum Parquet de Moien um Stater Geriicht am Prozess géint e Mann gefrot, dee seng Fra am September 2023 ëmbruecht hat. Den Ugekloten hätt d’Fra kalbliddeg ëmbruecht, mat Virsaz.

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Dorop géifen ënner anerem d’Faiten hiweisen, datt hien d’Plaz no beim Scheedgen kucke war, wou hien d’Affer, wéi hie selwer sot, dono “entsuergt” hat, an datt hie probéiert hätt, d’Dot ze vertuschen.

Fir d’Me Lynn Frank, Affekotin vum Beschëllegten, hätt dogéint kee Virsaz virgeleeën. De Client impulsiv reagéiert. Dofir sollt eng Strof “wäit ënner Liewenslänglech” gesprach ginn. 

De Beschëllegte selwer sot, hie géif d’Dot bis haut net verstoen. Et wier schrecklech, wat hie gemaach hätt, mee hien hätt dat net geplangt.

De Mann hat no der Dot fir d’éischt eng Vermësstemeldung opginn, ier hie 5 Deeg no der Dot zouginn hat, d’Fra ëmbruecht ze hunn.

D’Uerteel gëtt de 25. Februar gesprach.