De Standardbréif am Inland kascht an Zukunft 1,20 Euro, also 20 Cent méi. D‘Verschécke vu Päck gëtt dann awer méi bëlleg. Fir an d‘Nopeschlänner zum Beispill gëtt de Präis fir d‘Verschécke vun engem Pak vu bis zu zwee Kilo ëm 50 Prozent erofgesat.
Déi Zuelen huet d‘Post an engem Communiqué matgedeelt.
Dës Ännerunge wieren néideg wéinst dem Réckgang vum Bréifvolume a vun den domat verbonnenen Käschten.