arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FC Déifferdeng verpasst d’Qualifikatioun fir d’Conference League

Sport

|
headphones

1 min

FC Déifferdeng verpasst d’Qualifikatioun fir d’Conference League

Am europäesche Fussball konnt sech den FC Déifferdeng gëschter um Donneschdegowend doheem net duerchsetzen a verpasst domat d'Qualifikatioun fir d'Conference League. Virun 1.910 Spectateuren hunn déi Déifferdenger mat 0-1 géint den FK Drita vu Kosovo verluer.

headphones

1 min

© picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

Schonn den Allermatch hat Déifferdeng mat 1-0 verluer.

Gëschter Owend war den FC Déifferdeng denkbar schlecht an de Match gestart, well de Stiermer Andreas Buch no grad emol 2 Minutten déi rout Kaart gesinn huet.

No enger éischter Hallschent ouni grouss Highlighten hunn d'Kosovaren dunn an der 62. Minutt den 1-0 per Eelefmeter geschoss. An Ënnerzuel ass et Déifferdeng dunn net méi gelongen, de Match nach nach eng Kéier ze dréien.

Nom Match goufen et gemëschte Gefiller, ënner anerem beim Déifferdenger Verteideger Kevin D'Anzico.

"Ech denken, dat ass awer eppes Schéines. Déi Jore virdru si mir einfach riicht erausgeflunn, all Match verluer. Dëst Joer ass et awer positiv, mee den TNS eliminéiert, Levadia eliminéiert, dohannen an engem Wansinns-Match vun 120 Minutten. Ech mengen, et ass ni alles ëmmer schlecht. Mee et ass eebe schued, dass mir et net gepackt hunn, well ech denken och elo, all Mënsch huet gesinn, si waren och net fir näischt esou enorm erliichtert elo nom Match. Mir haten d'Qualitéiten a mir hunn d'Qualitéiten, fir kënnen an eng Gruppephas ze kommen."

Fir den FC Déifferdeng geet et e Sonndeg mam nationale Championnat weider. Dann empfänkt den aktuelle Champion den Opsteiger aus Kanech.