arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Explosioun an enger Industriezon: op mannst 22 Mënsche blesséiert

Buenos Aires

|
headphones

1 min

Explosioun an enger Industriezon: op mannst 22 Mënsche blesséiert

An der argentinescher Haaptstad Buenos Aires gouf et um Freidegowend eng staark Explosioun an enger Industriezon zu Ezeiza. Op mannst 22 Leit wieren dobäi blesséiert ginn an et wier e gréissert Feier ausgebrach, esou d‘Autoritéiten.

headphones

1 min

EPA/Stringer | © EPA/Stringer
Dampwollek no Explosioun zu Buenos Aires (Foto: EPA/Stringer)

D‘Ursaach vun der Explosioun ass nach onbekannt. De Buergermeeschter vun Ezeiza sot, d‘Feier wier op e puer Gebaier iwwergaangen.

Engem Vertrieder vun der provënzieller Regierung no géif et eng Dampwollek vun enger Héicht vu ronn 500 Meter ginn.