arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europol stoppt kannerpornographescht Netzwierk

Justiz

|
reading time

1 min

Europol stoppt kannerpornographescht Netzwierk

Bei enger Operatioun un där 23 Länner bedeelegt waren, konnt een Netzwierk gestoppt ginn, dat op Plattformen am Dark Web Inhalter mat sexuellem Kannermëssbrauch verkaf huet huet. Dat deelt Europol mat.

reading time

1 min

Europol | © Europol
Europol (Foto: Europol)

Wärend der Enquête, déi 2021 ugefaangen hat, goufen iwwer 373 Dausend Sitte detektéiert, op deene sexuelle Mëssbrauch u Mannerjäregen duergestallt gouf. Bis elo konnt een Operateur identifizéiert ginn, grad ewéi 440 Cliente vun dëse Sitten. Och géint déi gëtt weider enquêtéiert, heescht et am Communiqué vun Europol.

Bei deenen 23 Länner, déi un der Operatioun bedeelegt sinn, ass Lëtzebuerg net mat dobäi.