arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Membere vun der rietsextreemer Gruppéiereung "The Base" festgeholl

A Spuenien

|
headphones

1 min

Dräi Membere vun der rietsextreemer Gruppéiereung "The Base" festgeholl

Europol huet zesumme mat der spuenescher Police dräi Membere vun der rietsextreemer terroristescher Gruppéierung "The Base" zu Madrid an zu Valencia bannent dräi Deeg festgeholl.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

Am Ganze wiere 50 Polizisten un der Aktioun bedeelegt gewiescht, heescht et vun Europol. Dobäi wiere verschidde Waffen a Munitioun, sou wéi militärescht Übungs-Material an Neonazi-Propaganda fonnt ginn. 

De jonke Schweed vu Stroossen, deen en Donneschdeg zu Lëtzebuerg verurteelt gouf, well hien en rietsextreeme terroristesche Grupp ugeféiert huet, war och Member vun "The Base".