arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Confederation: "Onwarscheinlech, datt d'Entreprisë schëlleg sinn"

Verdacht Subventiounsbedruch

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Luxembourg Confederation: "Onwarscheinlech, datt d'Entreprisë schëlleg sinn"

Nodeems bekannt ginn ass, datt et Perquisitioune ënner anerem bei der Administration des transports publics a bei grousse Lëtzebuerger Busentreprisen gouf, seet d'"Luxembourg Confederation", datt et "extreem onwarscheinlech" wier, datt déi Lëtzebuerger Busentreprisen eng Schold trëfft.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Tom Baumert (Archivfoto)
Tom Baumert (Archivfoto)

Déi betraffe Lëtzebuerger Busentreprisë solle systematesch deklaréiert hunn, dat si gewësse Buslinne mat Elektrobusser géifen ofdecken, obwuel si a Wierklechkeet mat Diesel- oder Hybridbussen ënnerwee waren. Déi entspriechend Subventioune wieren ausbezuelt ginn, hätten den Entreprisen awer net zougestanen.

Et goufe jo doropshin eng Rei vu Perquisitioune bei der Administration des transports publics, bei grousse Lëtzebuerger Busentreprisen, an an der Wunneng vun engem fréiere Beamte gemaach.

Et geet ëm 12 Milliounen Euro aus dem europäesche regionalen Entwécklungsfong aus de Joren 2022 an 2023, an ëm 11 Milliounen Euro aus dem Lëtzebuerger Staatsbudget 2024.

Wéi funktionéiert de System an de Bussen?

De Verband vun de Lëtzebuerger Busentreprisë FLEAA huet déi Virwërf zeréckgewisen. Den Tom Baumert vun der "Luxembourg Confederation" erkläert, wéi de System funktionéiert.

“Mat engem System, deen an de Bussen installéiert gëtt, deen heescht Init, et ass e System, dat kann ee sech virstellen en Apparat, deen an all Bus ass, deen och fir all Bus individuell ass, a soubal déi Bussen dann op der Strooss sinn, ginn déi live Donnéeën, wou dann drasteet, wéi e Bus dat ass, wéi eng Motorisatioun en zum Beispill huet, wéi eng Chassis-Nummer, mee och wou en drun ass, ginn u sech live un d'Administratioun geschéckt, déi déi Donnéeën dann traitéiert an an enger zweeter Phas, op Hand vun deenen Donnéeën, de Betriber een Decompte mécht.”

Den Tom Baumert preziséiert och, datt d’Busentreprisë keen Accès op déi Donnéeën hätten.

“Also d'Donnéeën, déi gesammelt sinn, ginn an deem hei Fall, déi gehéieren dem Staat. Dat heescht, dat sinn Donnéeën, déi un de Staat geschéckt ginn, an do huet de Busbetrib u sech direkt näischt domadder ze dinn.”

Et wier d'Administration des transports publics, déi duerno den Decompte mécht, an d'Entreprisen informéiert an op eventuell Onreegelméissegkeeten hiweist.

Entreprisë selwer hu keng Fongen ugefrot

An der Ausschreiwung wier festgeluecht ginn, wéi een Undeel déi eenzel Entreprisen elektresch musse fueren, déi zentraliséiert Prozedur vum Datesammelen géif esou just zu Lëtzebuerg applizéiert ginn, esou den Tom Baumert. Och mat de Fongen, déi ugefrot ginn, hätten d'Entreprisen u sech näischt ze dinn.

“Et ass awer esou, dass d'Betriber selwer keng europäesch Fongen ugefrot hunn. Dat heescht, doraus kënne mir nëmme schléissen, dass en Deel vum RGTR iwwer europäesch Fonge finanzéiert gouf. Dat muss dann awer an deem Fall zentraliséiert vum Staat ugefrot gi sinn.”

Aus all de genannte Grënn wier et fir den Tom Baumert extreem onwarscheinlech, datt d'Entreprisen hei eng Schold géif treffen.

D’FLEAA ass bei der "Luxembourg Confederation" affiliéiert.

play_arrow Lauschteren