Europol geléngt grousse Coup géint internationalen Drogereseau
Europol ass ee vun de gréisste Coupë géint en Drogereseau gelongen. Viséiert waren d‘Produktioun an den Handel mat syntheeteschen Drogen. Am ganze goufe 24 Laboen opgedeckt an 1000 Tonne chemesch Produite saiséiert, notamment fir d‘Produktioun vun Amphetamin a Methamphetamin.
D‘Operatioun ass an der Belsch, der tschechescher Republik, an Däitschland, Holland, Spuenien a Polen ofgelaf. De Reseau war opgeflunn nodeems déi polnesch Police 2024 e groussen Importsystem aus China an Indien entdeckt hat.