Wéi den Ëmweltministère op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten äntwert, géing de Wäschbier sech weider zu Lëtzebuerg Richtung Süden ausbreeden. Een Indice dofir wier d'Zuel vun de Wäschbieren, déi geschoss ginn.
Schwéierpunkt wuel am Éislek
Déi Zuel géing zanter 2011 kontinuéierlech an d'Luucht goen, seet de Laurent Schley, Direkter-Adjoint vun der Naturverwaltung. Am Ufank waren et der ronn 600 d'Joer.
"An elo si mir scho bei bal 1.500 Stéck d'Joer, déi am ganze Land geschoss ginn. Dat ass d’Gesamtzuel. Wann een dann nach d’Verbreedung kuckt vun deem Ofschoss, dat heescht, wou se dann och geschoss ginn, da weess ee jo och wou se waren."
Do géing een dann och gesinn, datt de Schwéierpunkt wuel am Éislek ass, mee et wier awer ganz kloer eng Ausbreedungstendenz no Süden ze gesinn, esou de Laurent Schley.
Negativen Impakt vum Wäschbier reduzéieren
Nieft der Juegd misst och de Staat déi néideg Mesuren huele fir eng weider Ausbreedung vum Wäschbier ze verhënneren. Aktuell géing an deem Kontext een Aktiounsplang iwwerschafft ginn. Wäschbiere wiere ganz upassungsfäeg. Se ganz lass ze ginn, wier net méiglech, mengt den Direkter-Adjoint vun der Naturverwaltung.
"Et kann een héchstens geziilt op sensibele Plazen, op naturschützeresche Plazen notamment, aktiv sinn, fir do den negativen Impakt vum Wäschbier bëssen ze reduzéieren."
Den Asaz vu "Kammerjäger"
Schonn dëst Joer huet d'Naturverwaltung 46 Wäschbieren agefaangen, déi och ëmbruecht goufen. Op d'Fro, firwat d'Wäschbieren net an Déiereparke vermëttelt oder steriliséiert ginn, äntwert den Direkter-Adjoint vun der Naturverwaltung, datt d'Déiereparken alleguerte saturéiert wieren.
"Déi si voll. Déi kënne keng méi huelen. Oder dann déi Iddi fir ze steriliséieren, dat si jo och eigentlech relativ onnatierlech Saachen. Dat ass also elo och net wierklech eng Léisung."
Aktuell wier d'Naturverwaltung och amgaangen drun ze schaffe fir an Zukunft "Kammerjäger" anzesetzen, fir Wäschbieren, déi sech am urbane Raum ophalen, anzefänken.