arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et annoncéiert sech eng grouss Hunnegrecolte zu Lëtzebuerg

Beien an Hunneg

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Et annoncéiert sech eng grouss Hunnegrecolte zu Lëtzebuerg

2025 war bis elo ee richteg gutt Hunnegjoer wat d'Recolten ugeet. Et goufen optimal Wiederkonditioune fir d'Beien. Net nëmmen d’Beie, mee och ronn 700 Imker:innen hei zu Lëtzebuerg suerge fir den Hunneg. Dovu bedreift awer just ee Prozent d'Imkerei haaptberufflech.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Beiestack | © Carole Schimmer
Beiestack (Foto: Carole Schimmer)

Pro Stack gouf et dëst Joer eng Hunnegproduktioun déi tëschent 30 a 40 Kilogramm läit. Dat ass méi wéi d'Jore virdrun an huet virun allem mam Reen ze dinn, erkläert d'Alexandra Arendt, Presidentin vun der Imkerfederatioun, déi 12 Vereenegunge regroupéiert.

"D'Vegetatioun huet sech gutt entwéckelt, et war net ze vill Frascht an et huet ëmmer nees gereent. An et muss scho mol dertëschent esou reenen, fir datt wierklech och d'Nektarproduktioun gutt ugekéiert gëtt. Wat kriddeleg ass, ass de Summerhunneg. Wann et elo dréche gëtt, da passéiert net méi vill, mee grad zu deem Moment, wou et nach gutt ugefaangen huet mat reenen, koum vill no vu Bléien."

Fir eng gutt Recolte kënnen ze hunn, brauch een also ee gudde Standuert. D'Alexandra Arendt huet hir Stäck um Bord vun engem Bësch an niewendrun ass eng Wiss mat engem Biodiversitéitskontrakt, wou nëmmen zweemol am Joer geméint gëtt. D'Alexandra Arendt erkläert, wat ideal Plaze fir Beiestäck sinn.

"Wann ee weess, datt fir ee Kilo Hunneg, Beien eng Millioun Bléie brauchen, da muss ee kucken, wéi vill Bléie sinn do a wéi ass d'Verdeelung d'Joer iwwer. Et ka jo am Fréijoer vill do sinn an dann op eemol vu Juni un ass näischt méi do. An ideal ass et natierlech, wann dat ganzt Joer iwwer  gutt verdeelt ass."

Wann een eng grouss Recolte un Hunneg huet, da produzéieren d'Beien och Kitharz, grad wéi Wuess. Dee Wuess misst ee reegelméisseg botzen, fir d'Hygiène am Stack ze garantéieren, ënnersträicht d'Alexandra Arendt. 

Parasitten, déi de Beie net guttdoen

Den Imker muss weider de Beie fir de Wanter genuch Narung loossen. Zënter iwwer 20 Joer gëllt et och géint d'Milben ze kämpfen. Dat ass ee Parasit, dee sech an der Zell vun der Larv installéiert, wouduerch déi jonk Beien ofgeschwächt ginn. Ufanks den 2000er Jore gouf et een héije Verloscht, mëttlerweil traitéiert een d'Stäck, ënnersträicht d'Alexandra Arendt. 

"Mir si frou, wann eis Ëmwelt propper ass, fir datt mer en naturbeloossent Produkt hunn. Also musse mir dofir suergen, datt mir net eppes a Beievolleker eraginn, wat hinne schuet. U sech gëtt ganz vill mat Saiere geschafft, déi an der Natur virkommen, awer déi syntheetesch nogemaach ginn. Den Zweck dovunner ass eeben d'Milb, déi eigentlech ëmmer omnipresent ass, op e Grad esou erofzehalen, datt et de Beie gutt geet."

Déi asiatesch Horniss suergt fir Problemer

Pertë wéinst de Milbe wieren haut wesentlech méi niddereg. Eng invasiv Aart, déi asiatesch Horniss, op Lëtzebuergesch d'Runn, ass aktuell déi gréisste Gefor, bedauert d'Alexandra Arendt.

"Bei der asiatescher Horniss, do wou déi Aart eeben hierkënnt, do hunn déi eng Strategie, fir domadder ëmzegoen. Déi iwwertëlpele se, do komme ganz vill Beie beieneen an dann huelen se d'Hornissen an d'Mëtt an dann heize se an da geet déi futti. Eis hunn dat net. Déi ware jo ni a Kontakt mat deem Feind. Dat heescht, déi hunn dat Verhalen net."

D'Imkerin huet fir hir Stäck Moossnamen ergraff. Bei der Entrée vum Stack gouf ee Gitter als Drot fixéiert, duerch deen déi méi déck Horniss net erafléie kann. Si geet awer dovunner aus, datt déi asiatesch Runnen sech an eise Géigende wäerte weider verbreeden. 

play_arrow Lauschteren