D’Escher LSAP geheit der Majoritéit eng reng "Ukënnegungspolitik" vir. Am Tageblatt hu si dat um Beispill vum Escher Sécherheetsplang festgemaach.
E Sécherheetsplang, deen ufanks enttäuscht huet
De Steve Faltz vun der Escher LSAP erkläert am 100,7-Interview, datt dee Sécherheetsplang virun de Walen 2023 mat vill “Tammtamm” virgestallt ginn ass.
“D’Sécherheet zu Esch ass een Theema. Deem dierf ee sech net entzéien.”
De Plang ass allerdéngs verworf ginn, well e Gros vun de Punkten net dora gehéiert hunn, respektiv vun der Escher Gemeng souwisou hu missen ëmgesat ginn. De Steve Faltz nennt d’Beispill vun LED-Luuchten, déi uechter d’Stad installéiert solle ginn.
Politik a ville Punkten net aktiv genuch
Zënter deem Moment hätt een näischt méi richteg vum Sécherheetsplang héieren, seet de Gemengeconseiller. Ufank 2026 hätt een dowéinst am Gemengerot nogefrot, wou een dru wier. Dat hätt dem Steve Faltz no eng “Kettereaktioun vun Aktionsimus” ausgeléist.
28 vu 46 Mesuren aus dem Plang wiere schonn ëmgesat, seet den CSV-Buergermeeschter Christian Weis. D’Evaluatioun vum Comité de pilotage vun deem Projet fält awer manner gutt aus.
D’Police an d’Escher Servicer géinge gutt Aarbecht leeschten, seet de Steve Faltz. Et wieren déi Punkten, an deenen d’Politik aktiv muss ginn, an deenen een net viru kéim.
Duerch urban Ëmgestaltung "däischter Ecker" evitéieren
Hien nennt d’Beispill vun der Ëmgestaltung vum ëffentlechen an urbane Raum, well d’Leit sech do onsécher fillen.
“Da schwätze mir dovun, datt de Bagger muss rullen. (...) Ronderëm d’Brillplaz muss een un d’Substanz goen.”
D’Zäit, déi een am oppene Raum verbréngt, soll méi agreabel gemaach ginn. Da géingen och automatesch keng “däischter Ecker” entstoen, mengt de gebiertegen Escher.
Als Oppositiounspartei géing een dofir lo op de Sécherheetsplang pochen. Och, well een de Fait, datt een Onsécherheetsgefill bei der Bierger:innen do ass, misst ganz seriö huelen, betount de Steve Faltz.
Eng weider Optioun wier et, d’Uelzechtstrooss frësch ze maachen. Virun e puer Joer hätt awer e Geschäftsmann gesot, et wier net de Moment fir dat lo ze maachen. Et wier ni e gudde Moment, esou e grousse Projet unzegoen, seet de LSAP-Politiker, mee et misst een dee Projet lo eng Kéier “attackéieren”.
LSAP och pro Iwwerwaachungskameraen
De Sécherheetsplang gesäit och d’Installatioun vun Iwwerwaachungskamerae vir. Ee Punkt, dee vill Leit kritesch gesinn.
Net esou de Steve Faltz. Wann een en Handy dobäi huet, dee souwisou ëmmer matkréich, wou ee grad drun ass, dann hätt hie perséinlech kee Problem, vu Kameraen iwwerwaacht ze ginn.
“Ech sinn net deen, deen duerch ganz Esch wëllt Kameraen ophänken. Mee dat eent ass d’Verspriechen, an dat anert ass d’Oppositiounsaarbecht, d’Majoritéit drun ze erënneren, wat se versprach haten.”
Ontransparenz am Dossier Sportshal
D’Politik vun der schwaarz-blo-grénger Majoritéit ass awer net just a Saache Sécherheet net zefriddestellend, wann een de Steve Faltz freet. E weideren Dar am A ass den Dossier Sportshal.
Hie wier iwwerrascht gewiescht, wéi intransparent e Schäfferot schaffe kéint. De Chantier vun der Sportshal hätt dat gewisen. Déi huet nämlech amplaz 28 Milliounen Euro 78 Milliounen Euro kascht. D’Oppositioun hätt doropshi schrëftlech nogefrot, firwat déi Käschten explodéiert sinn.
D’Majoritéit erkläert dat duerch de Krich an der Ukrain an d’Inflatioun. Dem Steve Faltz no géing dat awer just een Deel vun der Erklärung sinn. Laut STATEC wieren d’Käschten nämlech am Duerchschnëtt ëm 40 bis 45 Prozent geklommen an där Zäit. Bei der Sportshal schwätzt ee vun engem Käschteniwwerschoss vun 200 Prozent.
Oppositioun dreet mam Verwaltungsgeriicht
Entweeder wier d’Gemeng hanner d’Liicht gefouert ginn, oder si wéilten eppes verstoppen. Keng vun deenen Alternative wier gutt, seet de Steve Faltz. Hie betount, datt een als Oppositioun an Zukunft esou Zuelen oppen um Dësch wéilt gesinn.
D’LSAP vun Esch gëtt sech awer net zefridden. Si géingen esou laang no den Infoe froen, bis si se kréichen, seet de Steve Faltz.
“Ech hoffen net, datt mir esouwäit musse goen a se beim Verwaltungsgeriicht akloen.”
Hie kéint sech awer virstellen, datt et esouwäit kéint kommen, hofft awer op déi néideg Kollegialitéit fir dat ze verhënneren.
Luef fir de Buergermeeschter Christian Weis
D’LSAP Oppositioun bewäert awer net alles schlecht, wat d’Majoritéit ronderëm den CSV-Buergermeeschter Christian Weis mécht. Esou soll jo eng Steier op eidelstoend Wunnenge kommen.
Grad am Dossier Logement hätt de Christian Weis eng richteg gutt Upak, betount de Steve Faltz.
“Deen Enthusiasmus, deen hien an deem Dossier weist, ass absolut ze luewen. D’autant plus datt de ganzen Dossier zesumme mat der Oppositioun gekuckt gëtt.”
Esou grouss Dossiere misst een u sech ëmmer zesumme mat der Oppositioun ugoen, mengt de Steve Faltz.
Besser wéi de Georges Mischo ze si wier "och net schwéier"
Insgesamt gëtt hien dem Christian Weis no 3 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng och eng besser Nott wéi sengem Virgänger, de Georges Mischo.
“Dat ass och net schwéier”, seet den LSAP-Conseiller, a betount, datt de Christian Weis sech gutt an déi verschidden Dossieren erageschafft hätt.
Och d’Aart a Weis, wéi ee géing matenee schwätzen, hätt sech verbessert. Um Enn vum Dag géing och dat den Escher Bierger:innen entgéint kommen.