Rumänien a Bulgarie kënne 2025 dem Schengenraum vollstänneg bäitrieden. Dat hunn um Donneschdegmoien déi 27 EU-Länner eestëmmeg decidéiert.
Zënter Mäerz dëst Joer waren d’Kontrolle scho fir de Loftraum an op de Grenzen am Mier opgehuewen. Vum 1. Januar d’nächst Joer u gëllt dat elo fir d’Landesgrenzen.
Éisträich hat virun e puer Deeg säi Veto géint dee vollstännege Bäitrëtt vun den zwee Länner an de Schengenraum fale gelooss. Domat war de Wee fräi, fir datt d’Innenministeren aus de 27 EU-Länner um Donneschdeg op hirer Reunioun zu Bréissel Gréng Luucht ginn.
Léon Gloden: “Ee ganz wichtege Schrëtt”
De Lëtzebuerger Innenminister Léon Gloden huet dee Schratt begréisst. Et wier ee wichtegt Zeechen no baussen a géing weisen, datt Schengen weiderhin attraktiv wier.
"Lëtzebuerg huet Bulgarien a Rumänie vun Ufank un iwwer dräizéng Joer ënnerstëtzt, datt se voll Member ginn. Haut ass e wichtegen Dag. Et weist no baussen, datt Schenge weider attraktiv ass, datt et eng vun de gréissten Errungenschaften ass."
Lëtzebuerg géing sech och weiderhin dofir asetzen, datt Kontrollen op de Bannegrenzen am Schengenraum ofgeschaaft ginn. Hien hätt an der Zeitung gelies, datt Däitschland a Betruecht zitt, d’Kontrollen op de Grenzen ze verlängeren, sou de Léon Gloden. Hien hätt zu Bréissel eng Entrevue doriwwer mat senger däitscher Homologin Nancy Faeser.
De Grand Duché géing nämlech a Fro stellen op déi Kontrollen am Verhältnis zum Resultat ubruecht sinn. Kéim et zu esou enger Verlängerung géing d’Regierung schrëftlech bei der Europäescher Kommissioun intervenéieren, sou de Lëtzebuerger Innenminister.
"An dann huele mir Positioun dozou. An da soe mir, et ass net proportionell. Mir stellen a Fro, datt d'Resultat erreecht ginn ass. Dat kann ee jo och an der däitscher Press liesen. An da muss d'Kommissioun och agéieren."
Et misst kontrolléiert ginn, ob déi aktuell Kontrollen op de Grenzen dat bruecht hunn, wat ee sech erwaart. Dat wier esou am Schengekodex virgesinn, sou nach de Minister. Et misst och bewise ginn, datt all aner Moyenen agesat goufen, fir dat Zil ze erreechen.
Syresch Flüchtlingen: Europäesch Decisioun néideg
Um Ordre du jour vun den Innenminister steet och een Echange iwwert d’Situatioun vun de syresche Flüchtlingen an der EU. Eng Partie Länner hunn - genee wéi Lëtzebuerg - decidéiert d’Asyldemandë bis op Weideres ze suspendéieren.
Et bräicht een eng europäesch Äntwert, sot dozou de Lëtzebuerger Innenminister.
"Et ass elo ze fréi fir ze jugéieren: Ass dat Land elo um richtegen demokratesche Wee? Ech mengen, mir sinn all frou, datt deen ale Regimm net méi do ass. Déi Situatioun evoluéiert vun Dag zu Dag. Mir mussen do ee Gewëssheet kréien iwwert déi nächst Wochen. Wat ass dat fir ee Regimm? Deen neie Regimm, respektéiert deen d'Mënscherechter?"
Op déi Froe bräicht een Äntwerten an da misst een, genee ewéi bei der Ukrain, eng gemeinsam europäesch Decisioun huelen, sou de Léon Gloden.
An Däitschland huet déi chrëschtdemokratesch Oppositioun schonn een Dag nom Stuerz vum Assad-Regimm d’Zeréckschécke vu syresche Flüchtlingen an d’Diskussioun bruecht, an och finanziell Incentiven dofir envisagéiert.
De Léon Gloden verweist hei drop, datt een zu Lëtzebuerg am gaange wier, drun ze schaffen, fir “Leit, déi fräiwëlleg heem ginn”, eng finanziell Hëllef mat op de Wee ze ginn.
"Dat ass finanziell. Mee et ass fir mech och besonnesch wichteg, datt mir déi Leit och encadréieren, datt si wierklech erëm Fouss faasse kënnen an deem Land, wou si wëllen heemgoen. Geld ass vill, awer net alles. An hei muss ee kucken, wéi een och dann dee Punkt mat de Syrer ugeet."