Radioen

On air

Tockcity  |  Greentea Peng - One Foot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hansen trëfft Hansen

ÉISCHT OFFIZIELL RENCONTER ZU BRÉISSEL

Hansen trëfft Hansen

D’Lëtzebuerger Agrarministerin Martine Hansen an den neien EU-Agrarkommissär Christophe Hansen si sech fir déi éischte Kéier op engem Agrar-Ministerrot “offiziell” zu Bréissel begéint. Eng Renconter, déi hätt kënne kontrovers sinn. Um Enn war awer alles ganz harmonesch.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© European Council play_arrow
Fotoen: European Council

De Christophe an d'Martine Hansen sinn zwar vun där nämmlechter Famill, virun allem och politesch. Si spillen awer neierdéngs op der politescher Tribün zwou ganz verschidde Rollen. Mat der Konsequenz, datt eventuell an Zukunft e bëssen anescht argumentéiert muss ginn. Méi prezis vläicht och.

Agrarministerin Martine Hansen: Kritesch Téin par rapport zur EU-Agrarpolitik

D'Martine Hansen ass an der Lëtzebuerger Regierung responsabel fir d'Landwirtschaft. Si ass virun iwwer engem Joer ugetruede mat fir eng Lëtzebuerger Ministerin aussergewéinlech vill Kritik un der EU. Bréissel wier ze bürokratesch an net no genuch um Terrain, esou d'CSV-Politikerin am Januar am 100,7-Interview

"Heiansdo huet een d'Gefill, wéi wa wierklech an den ieweschte Stäck a verschiddene Sphären do ronderëm gesponne gëtt, wat wierklech ganz wäit fort ass a wou sech net onbedéngt Gedanke gemaach gëtt, ob et ëmsetzbar ass oder net. An do musse mir d'Kéier kréien."

EU-Agrarkommissär Christophe Hansen kontert: Och Ministeren hu mat u Bürokratie geschafft

De Christophe Hansen ass zanter Ufank dës Mounts net méi Europadeputéierten, mee EU-Kommissär fir d'Landwirtschaft an d'Liewensmëttel. Direkt viru senger éischter Reunioun mat de 27 Agrarministeren aus der EU seet hien iwwer déi EU-Kritik vu senger Cousine:

"Also ech mengen, jiddereen huet säi Rôle am Moment. An dat ass och gutt esou. Ech sinn awer net d'Accord, datt Martine een EU-Kritiker wier. Hatt muss natierlech Lëtzebuerger Positioune verteidegen."

Am 100,7-Interview üübt de Christophe Hansen awer och indirekt, a ganz virsiichteg, Kritik un der Haltung vu senger Parteikolleegin. Hie betount, datt net nëmme vu Bréissel, mee och d'Memberlänner an d’Parlamenter dee bürokrateschen Apparat ganz aktiv mat opgebaut hunn.

"Ech mengen, do ass et och sou, wann alles ze bürokratesch, ze komplizéiert ass. Da sinn do ëmmer e puer Säiten, déi mat mussen dru schaffen. Och d’Co-Legislateuren. Mir hunn och Europadeputéierten hei zu Bréissel. Mir hu Ministeren, déi hei am Conseil sinn. An déi mussen dat natierlech dann och zesumme maachen. An dann ass et herno och d'Ëmsetzung, déi do och national wichteg ass. An do muss jidderee säin Deel derzou bäidroen."

Éischt Hansen-Hansen-Reunioun: Positive Bilan vu Lëtzebuerger Säit

An deem Conseil - dem Agrarministerrot - vertrëtt jo dann zanter gutt engem Joer d'Martine Hansen déi Lëtzebuerger Regierung. Wat erwaart si sech do vun hirem Cousin? Ass hien deen, deen hei de Changement brénge kann?

"Jo, dovunner sinn ech fest iwwerzeegt. A wann een de Moie seng éischt Sitzung och matkritt huet, da si mengen ech de Gros vun de Ministeren dovunner iwwerzeegt. Hien ass een, deen den Terrain kennt. Hien ass och een, dee pragmatesch un d'Léisungen erugeet. An hie wëllt och op d'Leit, op den Terrain lauschteren."

Heescht dat, datt si sech an Zukunft mat Kritik u Bréissel zeréckhält?

"Bon, ech wäert och an Zukunft dat soen, wat ech wëll soen. Mee wéi gesot, hien ass awer dee richtege Kommissär op där richteger Plaz. Hie kann och net vun engem Dag op deen aneren alles änneren. An dat seet ee jo selwer. Mee hie seet selwer, mir brauchen eng Simplification administrative."

An där wëllt sech de Christophe Hansen elo och unhuelen, esou säi Verspriechen un all d’Agrarministeren. Hie wier do amgaangen ze kucken, wou nach Sputt ass.

"Ouni eis Objektiver a Gefor ze bréngen. Wou kënne mir et einfach rationaliséieren a kucken, wou sinn et Iwwerlappungen, fir datt och Deklaratiounen nëmmen eng Kéier musse gemaach ginn? Wou kënne mir d'Technologie asetzen, Satellittebiller, Intelligence artificielle etc., fir déi Saachen do ze simplifiéieren? Fir datt en fin de compte manner Pabeierkrich fir d'Acteuren um Terrain do ass."

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.