Fir d’CSV-Politikerin gouf d’Recolte 2026 deemno duerch d'Wieder bestëmmt. Am Hierscht wier et nach gutt ugaangen, esou d'Ministesch.
"Mir hunn dann eben d'Hëtzt a virun allem och dee ganz, ganz waarmen Dag, och am Juni. De 27. Juni hate mir eng Rekordtemperatur vun 41,4 Grad zu Réimech."
Dat hätt de Kären net gutt gedoen.
"Mir sinn héich Temperaturen am Summer gewinnt, awer u sech nach ni esou laang. An dat war déi laang Zäit. Eleng am Juni a Juli hate mir en Defizit vun 100 Liter Reen. Dat ass extreem vill."
Politesch Weltlag bereet Suergen
Trotzdeem wier een a munche Punkte mat engem bloen A dovu komm. Beispillsweis beim Weess, och wann de Rendement hanner den Erwaardungen zeréckblouf, erkläert de Frédéric Baijot, Direkter vun der Klengbettener Millen.
"Mais on voit que la qualité est toujours extrêmement stable. C’est une qualité que les pays autour nous envient chaque année."
Soss iwwerweien awer d’Suergen, wéi déi ëm déi schwiereg politesch Weltlag, seet de Serge Turmes, Generaldirekter vum Verband.
"Virun allem déi Turbulenzen am Schwaarze Mier hunn e groussen Impakt op d’Kärepräisser."
Dat virun allem, well duerch Attacken op Häfen d’Transportketten ënnerbrach ass. Dobäi komme manner Ertrag duerch d’Wieder, méi en héijen Dieselpräis an den Index, soudatt de Minus nach méi grouss wier wéi zejoert. DObäi kéim:
"Eleng beim Dünger hu mer 80 Euro pro Hektar, an der Moyenne, weider."
"D'Fritte ginn dëst Joer kleng"
Och fir de Steve Turmes, Direkter vun der Saatbaugenossenschaft, huet virun allem d’Wieder de Baueren e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Et wier e Summer gewiescht, wéi dee vun 2022, am nach méi uergen.
"Do hate mer Hëtztdeeg, insgesamt 22, elo dëst Joer 38."
Den Ertrag vum fréiste Recolteufank zënter 1976 wier maximal Duerchschnëtt gewiescht, och wann d’Qualitéit ok war. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet drop verwisen, datt och d’Iessgromperen e Problem duerstellen.
"Mer hu vill manner, a mer hu klenger. D’Fritte ginn dëst Joer méi kleng, an et ginn der och manner."
Ënner deenen Ëmstänn ass d’CSV-Politikerin frou, datt d’Ertragsausfallversécherung do ass. Iwwer déi wäre ronn 54.000 Hektar am Land verséchert, wat awer net alles opfänke géif.
A well een d’Liewensmëttelproduktioun net vergiessen dierft, bräicht et och Bäihëllefe vu Bréissel iwwer déi gemeinsam Landwirtschaftspolitik PAC.