An der Moyenne loungen Temperature vum am meteorologesch Summer, dat heescht vum 1. Juni bis den 31. August bei 20,6 Grad. Dat sinn nach eemol 0,1 Grad méi wéi am Rekordjoer 2003.
Wichtegkeet vum Paräisser Klimazil
Wann een d’Referenzperiod vun 1991 bis 2020 kuckt, da war dëse Summer esouguer 2 ,7 Grad méi ware wéi an der Moyenne.
Am Paräisser Klima-Ofkommes vun 2015 haten iwwer 190 Welt-Staaten sech jo drop gëeenegt d’Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. Dëse Summer wier däitlech gi wat e puer Grad Äerderwiermung ausmaachen, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.
“An et muss een dann hei och berücksichtegen, jo, déi nei Referenzperiod vun 1991 bis 2020, dat ass och schonn eng Referenzperiod, déi vum Klimawandel beaflosst ass.”
Fir esou eng Duerchschnëttstemperatur ze ermëttelt ginn all Minutt verschidde Parameteren erfaasst - dat heescht net just d’Lofttemperatur. Déi Minutte-Wäerter ginn dann, zu Dages- a Mountmoyenne ëmgerechent. Op Basis vun de Méint kéint een dann eebe saisonal Moyenne respektiv Joresmoyenne berechnen.
Moyenne: All drëtten Dag waren et 30 Grad oder méi
Dëse Summer goufen et och bei wäitem méi sougenannten Hëtztdeeg, dat sinn Deeg mat enger Héchsttemperatur vun 30 Grad oder méi.
“A fir soss mol e Vergläich ze ginn, an der laangjärescher Moyenne vun 1991 bis 2020, do waarde mer u sech am Schnëtt ongeféier siwen Deeg mat enger Héchstemperatur vun 30 Grad oder méi.”
Dëse Summer hätt een deemno méi wéi dat Véierfacht vun der Referenz-Moyenne erreecht. Dës géif kloer och den exceptionelle Charakter vun dësem Summer ënnersträicht.
Vun de Sonnestonnen hir kënnt dëse Summer "just" op déi drëtt Plaz
Vun Ufank Juni bis Enn August huet d’Stonn gesamt ronn 880 geschéngt. Dës Donnéeë ginn op der Miessstatioun um Findel erhuewen.
Spëtzereider bleift weiderhin de Summer 2022. Deemools wieren 956 Sonnestonne gemooss ginn, esou den Expert vu MeteoLux. Op der zweeter Plaz bleift weiderhin de Summer 2003 mat ongeféier 893 Stonnen.
“Dat ass och en Trend, dee mer net nëmme bei eis zu Lëtzebuerg gesinn, mee och Europawäit - haaptsächlech an Zentral-a Westeuropa.”
Op Basis vu Satellittendonnée, konnt ermëttelt ginn, datt d’Dauer vun de Sonnestonne vun der Tendenz ëmmer méi zouhëlt.
Dës Summer war dann och ze dréchen. Am Duerchschnëtt wier bal 37 Prozent Ree gefall am Verglach mat der Referenzperiod vun 1991 bis 2020.
Dat Véierfacht vun der Referenzmoyenne
Et goufe bis ewell just zwee Summere mat méi Sonnestonnen. E Rekord gouf et och wat d’Zuel vun Deeg ubelaangt, op deenen den Thermometer am Summer iwwer 30 Grad geklommen ass, wéi de Luca Mathias vu Meteolux erkläert.
"Do hate mer der insgesamt 30 Stéck, wat och en absolutte Rekord ass fir eis Statioun um Findel säit 1947."
An der laangjäreger Moyenne vun 1991 bis 2020 hätt een ongeféier siwen Deeg mat enger Héchsttemperatur vun 30 Grad oder méi gehat.
"Dat heescht, dëse Summer hu mer effektiv liicht méi wéi dat Véierfacht vun der Referenzmoyenne erreecht, wat dann och den exzeptionell Charakter vun dësem Summer ënnersträicht."
Och an der Belsch an a Groussbritannie war dëse Summer dee wäermste jee, esou d‘Autoritéiten. A Frankräich huet FranceInfo gëschter och gemellt, datt dëse Summer dee wäermste war.
An Däitschland geet de Wiederdéngscht no virleefege Berechnungen dovun aus, datt dëse Summer deen zweetwäermste war, knapp hanner deem vun 2003.
De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.